
De Wolfram Kons vu RTL Däitschland ass ee vun den Invitéen, déi dëse Samschdeg an der grousser Télévie-Sendung dobäi sinn. Hie setzt sech scho laang fir Mënschen an, deenen et manner gutt geet. Am groussen “RTL Spendenmarathon” a mat senger Stëftung “Wir helfen Kinder” huet hie scho Milliounen Euro gesammelt. Rezent och zum Beispill fir d’Affer vum Äerdbiewen an der Tierkei. D’Spende ginn awer och a Projete ronderëm d’Gesondheet vun de Kanner an natierlech och klenge Kriibspatienten.
Vun 19 Auer u leeft déi grouss Télévie-Sendung, an där nieft de Scheckiwwerreechungen och vill Reportagë gewise gi mat Temoignagë vu Betraffenen, Benevollen a Kriibsfuerscher.
Hei e klengen Abléck mat kuerzen Ausschnëtter aus de verschiddene Reportagen.