Sief et d'Antibabypëll, Verhütungsplooschter, Verhütungsréng, Minipëll, Verhütungssprëtz, Pëll duerno, Verhütungsimplantat, Spiral, Sterilisatioun oder d'Vasektomie. All déi Verhütungsmëttel gi vum Staat iwwerholl.
Mat Ausnam vun der Pëll duerno ass fir all opgelëscht Verhütungsmëttel eng medezinesch Ordonnance noutwendeg. Niewent dem Gratis-Maachen ass d'Opklärung och wichteg.