
D’Campinger konnte ronn eng Millioun Iwwernuechtunge verbuchen. Dat si carrement 44 Prozent méi wéi 2021. Och d’Zuel vun den Arrivéeën an de Jugendherbergen ass geklommen. Fir dëst Joer erwaart ee sech weider Haussen. Den Tourismusminister schwätzt elo scho vun engem Rekordjoer. Dat géing een ënnert anerem un den Zuele vun de Reservatioune vun den Hebergementer gesinn. Déi aktuell Tourismus-Campagne “Lëtzebuerg, dat ass Vakanz”, déi e Freideg virgestallt gouf, wëll méi konkret den Aktivtourismus zu Lëtzebuerg promouvéieren.
An engems soll duerch déi nei Tourismus-Campagne d’Villfalt vum Lëtzebuerger Land an de Fokus gesat ginn. Zilgruppe wiere virun allem Leit, déi gären an der Natur ënnerwee sinn a Saachen entdecke wëllen.
Virun dësem Hannergrond sollen déi iwwer 5000 km Wanderweeër beschëldert ginn. Am Norde wier ee schonn domat duerch, am Osten an am Süden dogéint wëll ee géint Enn dës Jores fäerdeg sinn.
Den Tourismusminister Lex Delles: “Do ass e QR-Code zum Beispill op all Point de départ, wou all d’Donnéeë vun deem Auto-pédestre, deen ee wëll maachen, op den Handy kritt. Et ass, fir dass ee sech do gutt erëm fënnt, fir dass mer och kënne souwuel mat der Beschëlderung, ewéi och mam Erhalt vun deene Wanderweeër kënnen no bausse weisen.”

Verschidde Wanderweeër ginn och ëmgeluecht oder ofmontéiert, well se net méi de Qualitéitsstandarden entspriechen. Donieft gouf un de Vëlosweeër geschafft.
“Den Ausbau vun de Vëlosinfrastrukturen ass e ganz wichtege Volet. Et gëtt jo op der enger Säit den nationale Reseau vun de pistes cyclables. Eis Aufgab ass et, d’Gemengen ze ënnerstëtzen, fir déi Vernetzungen tëscht deene verschiddene pistes cyclables nationales ze maachen an déi dann un en Duerfzentrum oder un eng touristesch Attraktioun unzebannen.”
Duerch déi Verbindungen hätt ee kënne 500 km zousätzlech Weeër amenagéieren.
Well et virun allem am Mëllerdall ëmmer manner Iwwernuechtungsméiglechkeete gëtt, préift een den Ament och, ob een hei innovativ Infrastrukturen en place setze kéint, wéi zum Beispill am Stil vun de Kabaisercher laanscht de Minetttrail.
Alles an allem huet den Tourismusministère zejoert ronn 10 Milliounen Euro an déi verschidde Projeten investéiert.