Et heescht zwar, datt den Hierscht réischt ufänkt, wann d'Fouer eriwwer ass, ma schonn en Dënschdeg huet de meteorologeschen Hierscht ugefaangen. Dat no engem Summer, dee ville Leit wéinst sengen héijen Temperaturen am Gediechtnes bleiwen dierft. An dat ass net vu Muttwëll, well dem ëffentleche Wiederdéngscht Meteolux no war dëst Joer dee wäermste Summer, dee jeemools zu Lëtzebuerg enregistréiert gouf.
Zanter 1947 ginn um Findel Wiederdonnéeë gemooss, ma nach ni war d'Temperatur wärend engem Summer sou héich. 20,6 Grad war et am Duerchschnëtt waarm, domadder huet een de Rekord vu bis elo aus dem Summer 2003 ëm 0,1 Grad iwwertraff. Méi impressionant ass et, wann een dëse Summer mat der Moyenne vergläicht, wéi de Meteorolog Luca Mathias vu Meteolux erkläert:
"Allgemeng Hëtztdeeg, dat heescht Deeg mat enger Héchsttemperatur vun 30 Grad oder méi, hate mer der insgesamt 30. Dat läit wäit iwwert der Referenzmoyenne vun 1991 bis 2020, normalerweis sinn et just 7 Hëtztdeeg, dat heescht mir si méi wéi 4 Mol iwwert deem Seuil. An a punkto extreem Hëtzt, dat sinn Deeg mat enger Héchsttemperatur vu 35 Grad oder méi, där hate mer der insgesamt 8 hei um Findel dëse Summer."
Ma et war net nëmme méi waarm wéi normalerweis, mee och méi dréchen. Um Findel hat een en Defizit vun ongeféier 80 Liter op de Meterkaree. Wann emol Reen erofkoum, da war dat an éischter Linn duerch lokal Donnerwiederen, wat op dat ganzt Land gekuckt erkläert, datt verschidde Plaze méi an anerer e bëssi manner vun der Dréchent betraff waren. Dono gefrot, ob esou ee Summer wéi dësen eng Ausnam war oder an Zukunft zur Reegel dierft ginn, seet de Luca Mathias, datt et ëmmer Mol méi waarm a méi kal Jore gëtt, mee datt esou waarm Summere wuel méi dacks virkomme wäerten.
Wat d'Previsioune fir dësen Hierscht a Wanter ugeet, wier et ganz schwiereg, sech do festzeleeën. Opgrond vum Signal vum Klimawandel géingen déi saisonal Wiedermodeller dozou tendéieren, méi waarm wéi normal auszefalen. Ma wéi gesäit et beim Reen aus?
"A punkto Nidderschlag ass momentan nach keng eendeiteg Tendenz an de saisonale Wiedermodeller ze gesinn. Opgrond vum El Niño, deen aktuell sech um aktivéieren ass respektiv scho staark aktiv ass, do hu mer an eise Statistiken iwwert déi lescht 40 Joer um Findel gesinn, datt d'Tendenz, wann den El Niño aktiv ass, fir ee méi naassen Hierscht hei zu Lëtzebuerg méi grouss ass wéi zum Beispill am Wanter."
Am Moment géing et op d'mannst fir de September awer no ganz wéineg Reen ausgesinn.
Dëse Summer huet Meteolux säi Warnsystem fir extrem Hëtzt ugepasst. Éier eng Alerte orange ausgeruff gëtt, muss op d'mannst wärend zwee Deeg hannerteneen eng staark thermesch Belaaschtung fir de mënschleche Kierper herrschen, éier eng Alerte rouge ausgeruff gëtt, muss dat wärend op mannst dräi Deeg de Fall sinn. Doduerch soll d'Zuel vun den orangen a rouden Alerten an Zukunft zeréckgoen, déi vun de giele kéint par Konter klammen.
Et ass jo net ëmmer jidderee mat den Alerten zefridden, et géing ee sech awer net vu Commentairen an de soziale Medien aus der Rou brénge loossen. Trotzdeem spillen net just meteorologesch Facteure mat eran:
"Natierlech wa mer lo an den orangen oder roude Warnberäich ginn, si mer ëmmer a Concertatioun mam HCPN, mam CGDIS, am Fall vun enger Canicule och mat der Santé. Dat heescht do ginn och Decisioune gemeinsam geholl, zum Beispill Enn Juni, datt mer méi fréi, wéi et u sech meteorologesch bedéngt wier, an de roude Beräich vun der Warnung ginn, well den Impakt méi grouss wier duerch d'Feierlechkeete vun Nationalfeierdag."
Bei orangen a roude Warnunge géing een an Zesummenaarbecht mat deenen aneren Acteuren och probéieren, de Leit Tuyaue mat op de Wee ze ginn, wéi se sech verhale sollen. Am Idealfall géing een dat laang genuch am Viraus maachen, fir datt d'Leit sech mat Zäiten adaptéiere kënnen.