
De Summer 2026 war an der Belsch an a Groussbritannien dee wäermsten zanter Ufank vun den Opzeechnungen a béide Länner. A Groussbritannien louch d'Temperatur tëscht dem 1. Juni an dem 31. August an der Moyenne bei 16,5 Grad Celsius. D'Joer virdru sinn et nach 16,1 Grad gewiescht. Den 13. August waren zu Kew Gardens am Weste vu London 38,1 Grad gemooss ginn - den héchste Wäert zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen am Joer 1884, sou d'Meteo-Autoritéit Met Office.
D'Hëtzt a Groussbritannien an a Wales ass vun enger Dréchent begleet ginn, wéi se bis ewell nach net erlieft ginn ass. Trotz rezente Schaueren a Wiedere sinn der Ëmweltagence EA no nach ëmmer dräi Véierel vum Land vun der Dréchent betraff. E puer naass Deeg oder Woche kéinten den Effekt vun aussergewéinlech dréchene Méint net sou einfach ausgläichen, housch et weider bei der EA.
Op der belscher Referenzstatioun an der Bréisseler Gemeng Uccle louch d'Duerchschnëttstemperatur iwwerdeems fir déi éischte Kéier zanter Ufank vun den Opzeechnungen am Joer 1833 bei méi wéi 20 Grad Celsius. Dee Wäert ass duerch eng Rekordzuel un Deeg mat méi wéi 30 Grad zustane komm. 15 waren et der 2026, wat der 10 méi si wéi als normal ugeholl gëtt. Just 1978 waren et 18 där Deeg. Déi Kéier sinn awer méi Caniculle verzeechent ginn, déi och nach éischter ugefaangen hätten.
A ganz Europa sinn dëst Joer aussergewéinlech héich Temperature gemooss ginn. D'Méint Juni a Juli waren déi wäermsten, déi jeemools um Kontinent ermëttelt gi sinn an duerch de Klimawandel wäerten et net déi lescht Rekorder gewiescht sinn, sou de brittesche Met Office.