8 Woche laang konnten an der Ettelbrécker Maternité keng Gebuerte begleet ginn. Méi wéi 100 schwanger Fraen hunn an där Zäit alternativ missen an der Stad accouchéieren. D’Ettelbrécker Maternité war zougemaach ginn, well net méi genuch Pediateren zu Verfügung stoungen, fir an Noutsituatiounen no Neigebuerenen ze kucken an een doduerch net méi konform mam Gesetz war.
Mat ganz vill Bauchwéi wier doropshin eng temporär Fermeture decidéiert ginn, déi sech awer gelount hätt. D’Léisung, déi fonnt gouf, géif nämlech nach méi Sécherheet fir Mamm a Kand garantéieren.
Ganz eidel war d’Maternité trotzdeem net - eng kleng Zuel vu Fraen ass nom Accouchement an der Stad nach e puer Deeg op Ettelbréck komm, sou datt ëmmer 2 bis 3 Puppelcher do waren. An d’Personal huet un enger Léisung geschafft.
Et wier een elo vill besser opgestallt a kéint eng vill méi grouss Sécherheet fir d’Kand an d’Mamm garantéieren, seet den Anästhesist Tom Manderscheid. Scho viru Jore wier een an Diskussioune mam Ministère gewiescht, ma de Problem hätt sech ëmmer weider zougespëtzt.
“Wéi ech hei ugefaangen hunn am Spidol hunn d’Pediatere gesot “mir komme bei all Césarienne zum Beispill dobäi”. Dunn hu se op ee mol gesot, well se et net méi hikritt hunn, well se sech och net méi wuel gefillt hu mat där Aarbecht, hu se gesot “mir komme just nach wann et dem Kand schlecht geet oder wa mer geruff ginn”. An elo viru Kuerzem, also virun e puer Méint hunn d’Pediater gesot, “mir sinn net méi dofir do, mir sinn net méi zu genuch”.”
Déi Responsabel vum Nordspidol soe sech an engem Schreiwes vun en Dënschdeg zefridden an erliichtert.
No 2 Méint Paus hätt een elo awer eng gutt Léisung, seet och d’Gynekologin Stéphanie Beckené.
“Et war eng ganz ustrengend Zäit, et war vill Aarbecht an et war immens traureg och fir eis Patienten, mir hunn d’Patienten iwwert déi ganz Schwangerschaft betreit a fir se da fir d’Accouchement fort ze schécke bei en aneren Dokter, dat war wierklech net schéin.”
Iwwer 100 Gebuerten hu missen an de CHL oder an d’Klinik Bohler verluecht ginn. D’Julie Even accouchéiert eréischt am Juli, an ass ganz frou, datt si net an d’Stad muss fueren.
“Ech hu vill Guddes héieren iwwert d’Maternité vun Ettelbréck, ech weess datt hei vill méi perséinlech ass, vill méi eng perséinlech Betreiung an eng entspaante Betreiung. An dat wënschen ech mer och an ech wollt ongär op eng aner Plaz goen, wou et vläicht net sou wier.”
Fir datt d’Ettelbrécker Maternité nees konnt opgoe krut d’Personal eng Formatioun fir d’Reanimatioun vu Puppelcher, et kann en Neonatolog aus dem CHL per Video bäigeschalt ginn an den zoustännegen Noutdéngscht vum Stater Spidol ass méi séier disponibel.
Um Dag, wéi d’Ettelbrécker Maternité nees opgaangen ass, e Mëttwoch, sinn direkt nees 2 Puppelcher do op d’Welt komm. Iwwer 100 Fraen hunn an den 2 Méint an deenen se zou war an der Stad accouchéiert. Fir déi concernéiert Patientinne war dat mat vill Stress verbonnen - an och fir d’Personal waren et 2 ustrengend Méint, seet d’Gynekologin Stéphanie Beckené. Fir si war et traureg, datt si hir Patientinnen huet misse fortschécken.
“Ech hunn an der Praxis weider d’Patiente begleet bis zum Schluss. Mir hunn et esou gemaach, dass mer eis Patienten eng Kéier bei engem Dokter an der Stad virgestallt hunn. Et muss ee soen, dass d’Kolleegen an der Stad aus deenen 2 Maternitéen eis och wierklech ganz gutt ënnerstëtzt hunn, d’Zesummenaarbecht huet ganz gutt geklappt a mir hunn natierlech da vill mat de Leit doriwwer geschwat, wéi mer dat elo organiséieren, mir hu gekuckt dass se do och gutt betreit ginn, dass se bei hiren Dokter kommen, dass se bei d’Hiewan kommen, bei den Anästhesist, dass se eng Kéier op der Plaz ware fir sech et kënnen unzekucken.”
Eng kleng Zuel vu Frae sinn och nom Accouchement an der Stad nach fir e puer Deeg op Ettelbréck komm, do hätt ee wärend deenen 2 Méint ëmmer sou 2 bis 3 Puppelcher an der Maternité gehat.