BréisselEU wëll Accès op Sozialmedien, Video-Plattformen, Chatbots an Online-Spiller fir Jonker ënner 15 Joer limitéieren

RTL Lëtzebuerg
Dat mellt d’Agence France Presse. D’Kommissioun ass drop an drun, dës Propose virzestellen.
E Verbuet fir Kanner a Jugendlecher géif bedeiten, dass all d'User hiren Alter noweise mussen.
E Verbuet fir Kanner a Jugendlecher géif bedeiten, dass all d'User hiren Alter noweise mussen.
© NICOLAS TUCAT/AFP

Si gesinn der AFP no vir, datt Jonker ënner 15 Joer keng eege Konten däerfen opmaachen. An datt d’Applikatioune musse sécher opgebaut ginn. Dat heescht zum Beispill, datt Uwendungen, wéi onbegrenzt Scrollen, déi kënne süchteg maache, verbuede solle ginn.

D’Altersgrenz soll graduell sinn. Sou solle Kanner vun 13 bis 14 Joer ënnert der Kontroll vun den Eltere kënne Konten opmaachen, wou d’Uwendungen an d’Ecranszäit limitéiert sinn.

D’EU géif parallel eng Applikatioun fir d’Alterskontroll preparéieren. Kanner ënner dräi Joer solle guer keen Accès zu Sozialmedien hunn.

All Konte vu Jugendlecher sollen d’office privat sinn a "riskant Astellungen" ausgeschalt sinn. Onbekannten Notzer solle Mineuren net kënne kontaktéieren.

De Premier Luc Frieden hat a senger Ried zur Lag vun der Natioun gesot, wa bis Enn des Joers keng europäesch Léisung fir e Mindestalter fir den Accès zu de Sozialmedien a Siicht wier, géif d’Regierung op nationalem Niveau reglementéieren.

Back to Top
CIM LOGO