
D'Welt wier am Ëmbroch, esou de Premier Luc Frieden direkt am Ufank vu senger Ried.
"Dat wat hannert eise Grenze geschitt, deels wäit ewech, huet direkt a konkret Konsequenzen op eis. Dat ass esou a gudden Zäiten, ma et ass och esou an all internationaler Kris."Luc Frieden, Premier
D'Inflatioun géif riskéiere méi staark ze wuessen, virop wéinst den Energiepräisser. Dofir géif een dës Effeten, zesumme mat de Sozialpartner, an engem Tripartite-Format beschwätzen.
Et misst ee virun allem deenen hëllefen, deenen et manner gutt geet, d'Regierung géif keen am Ree stoe loossen, esou de Luc Frieden.
"Déi wichtegst Neierung, déi ab 2027 kënnt, ass de complément vie chère. Dëse bréngt 5 aktuell Hëllefen zesummen, dorënner d’allocation de vie chère, d’Energieprimm an déi nei Sozialhëllef fir Leit déi an der Pensioun sinn."Luc Frieden; Premier
Dës Hëllef géif och beispillsweis automatesch ugepasst ginn, eng administrativ Vereinfachung.
Zousätzlech huet de Premier eng nei cibléiert Hëllef géint d’Kanneraarmut annoncéiert, mat enger Hëllef vu bis zu 3.000€ d’Joer fir Famillje mat niddregem Akommes.
D'Regierung wäert och an Zukunft dofir suergen, dass d’Tariffer och an Zukunft eenheetlech bleiwen. Et wéilt ee keng Zwou-Klasse-Medezin. Den Zougang zum Gesondheetssystem dierft net duerch laang Waardezäite limitéiert ginn.
"An Zukunft erméigleche mir kleng medezinesch Agrëffer an enger Rei Beräicher an Eegeregie, dann och ausserhalb vum Spidol."Luc Frieden, Premier
Vun 2028 u soll et nëmmen nach eng Steierklass ginn, de Finanzminister géif dofir versichen e breede Konsens ze fannen. Bei der Reform géif de Facteur "Kand" an de Fokus gestallt ginn.
Vum 1. Januar u gëtt et 45 Euro Kannergeld pro Mount méi, bei Kanner iwwer 12 Joer 60 Euro.
En drëtte Pilier wier de Chèque-service accueil.
"Mir wëlle sécherstellen, dass all Kand Zougang zu enger Betreiungsplaz kritt, onofhängeg vun der Situatioun vun den Elteren. Och hei entlaaschte mir dofir d’Familljen, andeems de Staat ronn 80 Milliounen Euro iwwerhëlt, déi bis elo d’Famillje bezuelt hunn. Esou spuert eng Famill am Duerchschnëtt ronn 3.000€ pro Kand a pro Joer."Luc Frieden, Premier
D'Screen-Life Balance bei Kanner a Jugendleche misst een de Kanner mat op de Wee goen. Dofir hätt een och den Handyverbuet an de Schoulen decidéiert. Déi Jonk missten den Ëmgang mat neien Technologië leieren.
D'Justizministesch huet e Gesetzprojet deposéiert fir géint déi digital Gewalt virzegoen.
D'Regierung wëll och, wa keng europäesch Léisung fonnt gëtt, e Mindestalter fir d'Benotze vu soziale Medien aféieren.
D'Prozeduren wieren hei am Land dee gréisste Chantier, fir dës ze änneren briecht et e laangen Ootem. De Premier huet nach eng Kéier op den 10-Punkte-Plang am Logement aus der leschter Ried zur Lag vun der Natioun higewisen. Mat ënnert anerem dem silence vaut accord, deemno ginn Ufroen automatesch autoriséiert, wann e gewëssen Delai erreecht ass.
"Mir waren, sinn, a bleiwen iwwerzeegt vun dëse Moossnamen. Se wäerten dem Logementsmarché mëttelfristeg eng nei Dynamik ginn."Luc Frieden, Premier
D'Regierung wëll och weider méi abordabele Wunnraum schafen.
De Premier Luc Frieden huet nach eng Kéier op d'Efforten higewisen, déi am Beräich vun der Police gemaach goufen, mat méi Personal, méi Präsenz a Proximitéit um Terrain. Och d'Gemengeservicer solle besser legal encadréiert ginn.
De Kulturminister Eric Thill soll nach an dës Legislatur en neien Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch ausschaffen. D'Sproochmaschinn vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gëtt mat enger Iwwersetzungsfunktioun komplettéiert.
"D’Sprooch schaaft e Lien tëscht de Leit, an och mam Land – e Land an deem sech d’Zesummeliewen och an eisem politesche System erëmspigelt."Luc Frieden, Premier
D'Regierung wéilt d'Ëmwelt schützen an de Klimawandel ugoen. De Prefinanzement fir PV-Anlage wier haut eng Realitéit. Dëse System soll weider ausgebaut ginn op
d’Hëllefe fir elektresch Autoen, Wäermepompelen a Renovatiounen. Ausserdeem gi se verlängert bis 2030, esou d'Annonce vum Luc Frieden.
Per Gesetzesprojet wëll een och de Bau vu PV-Anlagen laanscht d’Autobunnen erlaben.
Wirtschaft als gemeinsame Projet
D'Regierung wëll, dass ee weider zesumme schafft an och zesumme wiisst. Zanter der Pandemie wier d'Ekonomie nëmmen nach wéineg gewuess.
"Quasi all d’Secteuren hunn un Dynamik verluer – d’Handwierk, de Bau, de Commerce, d’Restauratioun. D’Finanzplaz bleift zwar de Motor vun eiser Ekonomie, ma ass enger aktiver internationaler Kompetitioun ausgesat."
Ouni Wuesstem géif et keng nei Aarbechtsplaze ginn, esou de Premier.
D'Betriber wëll een och weider ënnerstëtzen, esou kënnt ënner anerem e Steierkredit fir Investissementer a Sart-ups. Och den Digital Learning Hub soll seng Offer fir Jonker erweideren.
Och wëll een d'Héichschouloffer stäerken, renomméiert auslännesch Universitéite sollen op Lëtzebuerg kommen.
Et misst ee sech och an anere Secteure positionéieren. Lëtzebuerg soll en Wëssensgesellschaft ginn.
Nach virum Summer soll e spezifesche Gesetzprojet fir d'Defenseindustrie presentéiert ginn.
"Mir wäerte keng Panzeren a Rakéite bauen, mee cibléiert Innovatioun fërderen, déi och en zivillen Zweck kann hunn."Luc Frieden, Premier
Bei der Kënschtlecher Intelligenz soll Lëtzebuerg Virreider an Europa ginn. D'KI soll am Déngscht vum Mënsch stoen.
D'Potential vun der KI soll och beim Staat genotzt ginn. Et wier een dofir e Partenariat mat der Firma Mistal ënnerschriwwen.
"Iwwert dës Woche kréien all d’Ministèren Accès op de KI-Chatbot LeChat. Dono breede mir dat och op d’Verwaltungen aus. A mir begleeden d’Beamte mat spezifesche Formatiounen."Luc Frieden, Premier
Dësen Artikel gëtt permanent aktualiséiert. Dir kënnt d'Ried och live op rtl.lu suivéieren.