Déi LénkD’Familljeministesch fäert de Bilan vun hirer eegener Reform

RTL Lëtzebuerg
Dat behaapten Déi Lénk a schwätze vum Revis, dem Revenu d'Inclusion Sociale.

D’Corinne Cahen géing d’Evaluatioun vun der Reform vun 2018 wuel op déi laang Bänk drécken an dat hätt e Grond: D’Reform wier e soziale Réckschrëtt. De Revis wier net op der Héicht. Ënner anerem géingen d’Beneficiairë entmëndegt ginn, se wiere strikte Kontrollen ausgesat an d’Sanktioune wiere vill ze haart, fannen Déi Lénk.

An engem Schreiwes gëtt bedauert, datt net iwwer Alternativen zum aktuelle System diskutéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO