GantebeensmillenD'Feier beim Beach-Club ass geläscht, kee gouf blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Eisen Informatiounen no waren ënnert anerem 6 Pompjeescamionen, eng Ambulanz an e puer Gefierer vum CGDIS op der Plaz.
© Domingos Oliveira (RTL)

Op Nofro hin huet de CGDIS eis erkläert, dass sech wärend dem Brand wuel keen an deem verloossene Gebai an der Rue Anatole France tëscht Bouneweg an Izeg opgehalen huet, blesséiert gouf op alle Fall keen.

Um kuerz viru 17 Auer, esou confirméiert de CGDIS, war d’Feier geläscht. Wéi et dozou komm ass, ass nach onkloer. Op der Plaz waren d’Ekippen aus der Stad, Hesper a Réiser.

Back to Top
CIM LOGO