Ënnert der Konditioun, datt d’Situatioun sech an déi richteg Richtung entwéckelt.
Am Journal op der Tëlee huet d’Ministesch en Donneschdeg den Owend weider Explikatioune ginn. Wann eppes aus der Iddi gëtt, si virop Leit viséiert, déi bis zu ronn 100.000 Euro Brutto d’Joer verdéngen.
Et ass eng Annonce, déi virwëtzeg mécht. Mä eent nom aneren. Et kommen eng ganz Rei Parameteren zesummen, déi musse stëmmen, insistéiert d’Finanzministesch Yuriko Backes. Gesond Staatsfinanze sinn a bleiwe fir d’DP-Politikerin den A an O an da muss am Fréijoer gerechent ginn.
“Mir mussen dat elo mol ausschaffen. Gitt eis d’Chance, fir dat wierklech ganz konkret ze rechnen. Et geet jo net drëms, egal wat ze maachen. Dat soll jo och en Impakt hunn. Dat heescht, mir kucken dat am Detail an ech géif hoffen, datt een dat réckwierkend fir dat ganzt Joer (2023) kéint maachen. Dat ass de But, mä wéi gesot, mir musse kucken, ob mer de Sputt hunn an ech hoffen, datt mer en hunn.”
Fir d’Ministesch ass kloer, datt och méi wäit ewech d’Lëtzebuerger Staatsfinanze genee ënnert d’Lupp geholl ginn. Se dierften och eng Roll fir e grousse Finanzacteur aus Nordamerika gespillt hunn, deen deemnächst op Lëtzebuerg soll kommen.
“An och an deem Kontext well ech soen, datt den Triple A och fir déi Entreprisen zielt. Dat ass ugeschwat ginn an och en Deel vun eisem Standuert.”
D’Yuriko Backes ass zënter engem Joer Finanzministesch. Do virdru war si Maréchal de la cour. Déi rezent Nouvelle, datt d’Grande-Duchesse erëm e problemateschen Ëmgang mat Mataarbechter um Haff hat, bedauert si.
“D’Monarchie ass eppes wat wierklech wichteg ass fir eist Land. Dofir wann ech esou negativ Schlagzeilen héieren, da mécht mech dat extrem traureg. Ech mengen, dat ass och net gutt fir eist Land. Ech hu ganz gäre fir de Staatschef geschafft an ech sinn och net gären do fort gaangen.”
Hir Aarbecht als Finanzministesch géif si awer och gär maachen a mat vill Engagement, ënnersträicht d’Yuriko Backes, déi anengems seet, se wier disponibel fir dat anert Joer mat an d’Chamberwalen ze goen.
Umierkung aus der Redaktioun: Et géif sech hei ëm 600.000 Leit handelen, net ëm Menagen, heescht et op Nofro aus dem Finanzministère. D’Ministesch hat an hirem Interview sech falsch ausgedréckt. Dorënner fält och e groussen Deel vun den 230.000 Frontalièren, déi am Grand-Duché schaffen.