
Luxtrust-Cliente ginn da vun enger Persoun kontaktéiert, déi esou mécht, wéi wa si fir Luxtrust géif schaffen. Well et illegal Transaktiounen op de Konte vun de Clienten ginn hätt, sollen dës da vertraulech Informatioune weiderginn.
A genau dat soll een op kee Fall maachen, warnt Luxtrust. D’Attacke géifen zwar ëmmer méi sophistiquéiert, ma Luxtrust géif seng Clienten ni vu sech aus no hire perséinlechen a vertraulechen Donnéeë froen.
Wéi een esou eng Phishing-Attack erkennt a wat ee soll maachen, wann een awer eng Kéier dorop eragefall ass, kënnt dir hei am Detail noliesen.
Zënter e puer Méint ass Lëtzebuerg Phishing-Attacken iwwer E-Mail, SMS an/oder Telefon ausgesat, déi ëmmer méi sophistiquéiert ginn. Déi Kriminell gi sech als LuxTrust-Agent aus a behaapten, datt illegal Transaktiounen um Bankkonto vun der betraffener Persoun entdeckt goufen, fir esou vertraulech Informatioune vu LuxTrust-Benotzer erauszekréien. D’Ekippe vu LuxTrust, déi grousse Wäert op d’Sécherheet vun hire Clienten a Benotzer leeën, warne virun dëse Bedruchsversich an erklären, wéi ee sech richteg verhält. Phishing: Virgoensweis Meeschtens kritt de Benotzer eng E-Mail/SMS, déi en op en dréngende Virgang hiweist an dozou opfuerdert, op e Link ze klicken (en Update vun den Donnéeën, fir weiderhin Zougrëff op e Service ze hunn, etc.). Doropshi gëtt een op e falsche Site weidergeleet a gebieden, seng Kredittkaartendonnéeën an/oder seng perséinlech Informatiounen ze validéieren, andeems ee seng User-ID, säi Passwuert an de „code à usage unique“ (OTP) vu LuxTrust agëtt (deemno wéi e puer Mol).
Wann Dir Iech net sécher sidd, hänkt an! Wann e Benotzer op de Bedruch eragefall ass a seng vertraulech Informatiounen erausginn huet, soll en direkt seng Bank an/oder de Service Client vu LuxTrust kontaktéieren um +352 24 550 550 oder per E-Mail op questions@luxtrust.lu, fir datt déi néideg Moossname getraff kënne ginn.mailto:questions@luxtrust.lu |
LuxTrust:
|
Wéi erkennt een eng béiswëlleg E-Mail oder SMS?
Iwwerpréift d’Adress vum Expediteur an ob d’Funktioun oder d’Organisatioun, déi de Message verschéckt huet, och dem Contenu entsprécht. D’E-Mail-Adress vum Ugräifer kann enger legitimmer Adress staark änelen.
Méi zu LuxTrustLuxTrust ass en Qualifizéierte Trust Service Provider an eng vun eIDAS unerkannte Certifiéierungsinstanz, déi op der EU-Lëscht vu Certifiéierungsservicer opgelëscht ass.Säit méi wéi 17 Joer bitt d’Gesellschaft Clienten a Betriber komplett a personaliséiert digital Léisungen un, fir Prozesser ze digitaliséieren an d’Leeschtung ze verbesseren.LuxTrust ass eIDAS-Virschrëften no certifiéiert an handelt am Aklang mat den neisten europäesche Bestëmmungen (DSP2, GDPR). D’Gesellschaft bitt eng breet Gamm u Vertrauens Servicer un, déi op Konformitéit, Sécherheet a Benotzererfarung baséieren. Zu dëser Gamm gehéieren ënner anerem d’Kreatioun an d’Bereetstelle vun digitalen Identitéiten, elektronesch Ënnerschrëften, d’Validatioun vun elektroneschen Ënnerschrëften, elektronesch Archivéierung, Authentifikatioun an Zäitstempelen.LuxTrust zielt iwwer 100 Mataarbechter a véier Länner: Lëtzebuerg, Frankräich, Belsch a Monaco. www.LuxTrust.comhttp://www.luxtrust.comhttp://www.luxtrust.com