Vun deenen éischte fënnef Deeg, an deenen d’Fouer elo schonn amgaangen ass, zéien d’Forainen ee positive Bilan, esou de Fouermeeschter Laurent Schwaller.
Fir hie gehéiert d’Fouer iwwerdeems op de Glacis. Diskussiounen dorëms ware jo d’lescht Woch opkomm. D’Kiermes op eng aner Plaz méi wäit ausserhalb vum Zentrum ze verleeën hätt net nëmme wirtschaftlech Suitten fir d’Fouer, mee géif och a Saachen Transport nei Froen opwerfen. Letztendlech wier et eng politesch Decisioun, mengt de Fouermeeschter.