
D'Fermeture war schonn am August, aus Sécherheetsgrënn. D'Fourrière war an der Gebléishal ënnerbruecht, déi aus de selwechte Grënn net fir Esch 2022 zeréckbehale gi war.
Scho méi laang hätt een och de Beräich Rond-point Raemerich an d'Ae gefaasst ginn, fir eng laangfristeg Léisung fir d'Fourrière, heescht et weider vum Minister.
Et gëtt lo no provisoreschen Alternativë gesicht, mat dat wier schwiereg, um Site Belval géing et allzäit keng Léisung ginn.
Et géif elo zesumme mam "Domaine de l'Etat" gekuckt ginn, wat ee kéint maachen.
