
Nodeem de Franz Fayot den Etienne Schneider als Wirtschaftsminister ofgeléist huet, gouf de Poste vum Parteipresident fräi.
Bis ewell hat just déi nogeréckelt Deputéiert a fréier Staatssekretärin Francine Closener de Fanger ausgestreckt an hat och vill partei-intern Ënnerstëtzung kritt.
Aus enger Kandidatur fir d'Presidence gëtt awer elo näischt, well der Madame Closener hire Mann krank ginn ass an elo d'Famill Prioritéit muss hunn.
D'Madame Closener ënnerstëtzt d'Kandidatur vum Deputéierten Yves Cruchten. De Käerjenger Gemengeconseiller war effektiv gefrot ginn, fir sech op de Presidenteposten ze mellen, wollt awer eigentlech no sengen 9 Joer als Generalsekretär eng Paus aleeën.
De Successeur vum Franz Fayot un der Parteispëtzt gëtt den 8. Mäerz op engem Kongress gewielt.
Den Delai fir seng Kandidatur bei der LSAP eranzeginn, leeft nach bis d'nächst Woch. De Pitt Klein, dee viru ronn 14 Deeg via Facebook gemengt hat, hie wéilt sech déi eemoleg Chance net entgoe loossen, fir méigleche President ze ginn, ass net méi Kandidat.
Dee Post war nach am Laf vun deem Dag selwer geläscht ginn.
Léif Frënn,
Dir wësst, dass mir vill un der LSAP läit an dass ech well matt hëllefen, meng Partei ze stäerken an ze moderniséieren. Duerfir huet mech och d’Présidence vun der LSAP intresséiert, e benevolen Job, deen vollen Asaz verlaangt a vill Zäit an Usproch hëllt.
Lo ass et awer sou, dass mäi Mann krank ginn ass. Hien a meng Kanner sin meng éischt Prioritéit. Duerfir wäert ech net fir d’Présidence vun der LSAP kënne kandidéieren. Ech si frou, dass den laangjäregen LSAP-Generalsekretär an Députéierten Yves Cruchten seng Kandidatur stellt an ech si sécher, dass hien um Kongress den 8. Mäerz die voll Ennerstetzung vun den Délégéierten wäert kréien.
#lsap
#zesummen