
2 Joer no der Grënnung vum OGBL gouf d'Fraenabteilung an d'Liewe geruff. Zesumme setze sech d'Gewerkschaftlerinne fir Geschlechtergläichheet, Loungerechtegkeet, wirtschaftlech Selbstbestëmmung an d'Fräiheet vun de Fraen op der Aarbechtsplaz an.
Lescht Woch hu si sech nei opgestallt. D'Tina Koch gouf als nei Presidentin gewielt, d'Catherine Molitor an d'Sylvie Lombardi sinn déi nei Vizepresidentinnen an d'Mireille Folschette iwwerhëlt d'Aufgab als Sekretärin.
Dëst Joer stinn eng Partie Aktivitéiten op hirem Programm, ënnert anerem den internationale Fraendag zu Lëtzebuerg, dee vun der JIF-Plattform organiséiert gëtt, wéi och de Fraestreik de 7. Mäerz.