"John Zink"D'Gewerkschafte verlaangen eng urgent Reunioun mat der Direktioun

RTL Lëtzebuerg
OGBL an LCGB beruffe sech op en Artikel am Essentiel, dee vun 30 bis 40 Entloossungen um Site Diddeleng schwätzt.
© Archiv-Foto

Wann dat esou wier, da wier een doriwwer immens iwwerrascht, well d’Direktioun nach virun e puer Deeg verséchert hätt, datt de Grand-Duché net vun internationale Changementer beim Grupp Koch - der Maison Mère - betraff wier.

Bei der amerikanescher Firma “John Zink”, déi am Metall-Beräich aktiv ass, waren an de leschte Jore scho méi wéi 50 Plazen ofgebaut ginn.

Wann déi aktuell Nouvellë sech confirméiere sollten, da wier et déi drëtt schlecht Nouvelle noeneen, fir den Industriestanduert Lëtzebuerg, nodeems Dupont Teijin an Husky Restrukturéierungen annoncéiert hunn.

PDF: Schreiwes vun OGBL an LCGB

Back to Top
CIM LOGO