Déi Jonk goufe rekrutéiert fir Brandstëftung, Sabotage an Terrorismus.
De 15 Joer jonke Vitalii hat bei der Eisebunn bei Chernihiv, nërdlech vu Kyiv, e Schaf a Brand gesat, wou Schalttafele fir Zuchsignaler dra waren. Net aus Sympathie fir Russland, mee fir Geld. De Vitalii gouf online rekrutéiert.
"Si hate mer fir d’éischt US$200 pro Asaz versprach, mee um Enn hu se sech erausgezunn an ech krit just 1.000 Hryvnias, dat sinn 23 Dollar. Fir d’éischt hat ech geduecht, ech kéint do séier an einfach vill Geld maache. Mee duerno hunn ech verstan, dass dat esou net geet."
De Vitalii souz eppes iwwert ee Joer am Prisong, ier seng Mamm d’Suen zesummegespuert hat, fir hire Bouf op Kautioun erauszekréien.
Nataliia – Mamm vum Vitalii:
"Hie wousst net, wat hien do géing maachen. Op wat hie sech géif aloossen. En hat dat net verstan. Ech mengen, seng Frënn haten dat och net verstan. Mee wat geschitt ass, ass geschitt."
Landesverrot am Krichsfall fir e puer honnert Dollar. D’Famill fäert Affer ze gi vun Haass a Revanche, duerfir hale mer Informatiounen zum Familljennumm an hirem Heemechtsduerf zeréck.
Online warnen déi ukrainesch Autoritéite Kanner mat Campagnen, sech fir Terrorismus rekrutéieren ze loossen. Et géif ee gepëtzt ginn a säin Liewen domat am Prisong verhonzen – dat ass de Message. Mee et geléngt Russland ëmmer erëm, ukrainesch Kanner ze beaflossen a sech zu Notze ze maachen. Et ass doriwwer eraus net ausgeschloss, dass och déi ukrainesch Autoritéite mat deene selwechten Taktike bannent Russland operéieren. De Büro vum President zu Kyiv huet dat weder confirméiert nach dementéiert.
Hennadiy Yachnyi – Physiksproff:
"Ech gesinn, dass d’Kanner sech bewosst sinn, dass se e Feeler gemaach hunn. Dat liicht hinne wierklech an. Mee si hu keng Liewenserfarung a si hunn dem Afloss vun Erwuessene noginn."
A verschiddene Regioune vum Land besteet e Programm, an deem d’Schoulpersonal an d’Prisonge bei hir Schüler geet, fir dass hinnen och a Gefaangenschaft d’Erzéiung net verwiert bleift.
Antonina Kharchenko – Schouldirektesch:
"Mir fannen et komesch, dass Kanner decidéiert hunn, mam Feind ze kooperéieren. Et ass ganz friem. Si kommen all aus ukrainesche Familljen. Mee si hunn decidéiert, Geld ze verdéngen. Mee et si Kanner, mir dierfen se net hänke loossen."
Déi Virfäll kënnen déidlech Konsequenzen hu fir déi eege Leit. Am aktuelle Krichsfall sinn et Verbrieche géint de Staat. Nawell bréngen d’Elteren an d’Proffen hire Schüler méi grouss Kulanz entgéint wéi d’Allgemengheet.