Op der Wirtschaftsmissioun vum Premier Xavier Bettel a Kalifornien gouf e Projet annoncéiert, vun deem sech vill erwaart gëtt: E Service fir Entreprisen, Institutiounen a staatlech Acteuren aus der ganzer Welt. Vun der Sécherheet hier e Cloud-System, wéi et nach keen an Europa gëtt.
Et heescht, “Donnéeë sinn dat neit Gold”. Mat der Digitaliséierung falen ëmmer méi wäertvoll Donnéeën un. A wat wäertvoll ass, muss och gutt geschützt ginn. Cyber-Kriminalitéit mat Klaue vun Date gehéiert eben och zu der neier Digitaler Welt.
An hei kënnt lo Lëtzebuerg an d’Spill mat engem Service, deen Entreprise a staatlechen Acteuren eng grouss Datesécherheet garantéiert, wou d’Donnéeën zu Lëtzebuerg gespäichert sinn an och heibleiwen. Eng sou genannt “deconnectéiert souverän Cloud”, déi et esou an Europa nach net gëtt, wéi de Xavier Bettel erkläert.
“An Fong hu mir alleguer, wa mer eisen Handy kucken, eng Cloud an et huet keen eng Anung, wou déi Donnéeë sinn. Hei ass elo fir déi éischt d’Méiglechkeet, dass déi Donnéeën, déi wichteg sinn, och souverän an deem Land gespäichert sinn. An duerch Google hu mer déi éischte d’Méiglechkeet an et ass och deen eenzegen, dee et ubitt, wou et och deconnectéiert ass. Dat heescht, et ass net eng Firma, déi selwer eng Hand mat driwwer huet. Dat hei ass wierklech eng Lëtzebuerger Firma, wou dann och d’Donnéeë wäerte stockéiert sinn.”
D’Technologie dofir kënnt vu Google an et ass et och d’Annonce, datt Google eng Presenz zu Lëtzebuerg wäert opbauen, och dat wär eng Première hei am Land, sou de Staatsminister.
“Et ass fir d’Éischt, wou Google och seet, mir si bereet, zu Lëtzebuerg eng Antenne opzemaachen, fir kommerziell LuxConnect a Proximus (Telindus) ze hëllefen, Servicer unzebidden. A Google huet sech och engagéiert, zu Lëtzebuerg um Niveau vun der Recherche a vun der Cybersecuritéit en Exzellenz-Zentrum an der Formatioun unzebidden an do Moyenen zur Verfügung ze stellen.”
Nach dëst Joer soll dëse Neien, an där Form éischten an Europa, séchere Google Cloud-Service starten, wou sech déi Lëtzebuerger Lux-Connect an Zesummenaarbecht mat der belscher Proximus dann och finanziell Resultater erwaarden.