Internet ass kee rechtsfräie Raum"Digital Services Act" muss geschwënn a Musek ëmgesat ginn

RTL Lëtzebuerg
D'europäesch Politik hëlt e weideren Ulaf bei der digitaler Reglementatioun.
© RTL-Archiv

Schonn an nationaalt Recht ëmgesat ass de sougenannten “Digital Market Act”, deen éischter Firmen an ekonomesch Aspekter cibléiert.

De Regierungsrot huet rezent och de Feu Vert gi fir de “Digital Services Act” deen éischter Bezuch op gesellschaftlech Enjeuen hëlt. Mam “DSA” kréien Online-Plattformen eng Responsabilitéit fir illegale Contenu vun Utilisateuren ze identifizéieren an ze läschen, zum Beispill kannerpornografescht Material, terroristesch Contenuen oder de Verkaf vu geféierleche Produkter.

Den DSA applizéiert sech op Intermediaire-Zerwisser. Dat si Plattformen, déi et Utilisateuren - Betriber a Privatleit - erlaben, hiren eegene Contenu op d’Plattform ze lueden.

Ënner anerem mussen d’Plattformen dem User d‘Méiglechkeet ginn, potentiell illegale Contenu ze mellen. D’Publicitéits- a Recommandatiounspolitiik muss transparent matgedeelt ginn. Reklammen, déi Kanner viséiere, si vun elo u verbueden.

Et gëtt europawäit ënnerscheet tëschent groussen a klenge Plattformen. Bei de groussen Acteure sinn d‘Reegele vill méi strikt. D’EU-Kommissioun huet hei 19 Plattformen designéiert, wéi zum Beispill Amazon, Youtube oder X, fréier Twitter.

Fir d’Kontroll gouf zu Lëtzebuerg d’Konkurrenz-Autoritéit designéiert. Et gëtt Sanktiounen. Bei Verstéiss ass eng Geldstrof vu bis zu 6 Prozent vum globalen Ëmsaz méiglech.

Déi designéiert grouss Plattforme musse schonn zënter Enn August en règle sinn. All déi aner hunn nach bis Februar Zäit, fir déi nei Reegelen ëmzesetzen.

Digital Service Act / Reportage Pit Everling

Back to Top
CIM LOGO