Temoignage vun engem Kand"D'Impfung ass wéi e Chrëschtkaddo, se rett eis d'Liewen"

Anne Wolff
Zënter dësem Mount gi jo och Kanner am Grand-Duché géint de Virus geimpft an déi weisen, datt se heiansdo méi Courage hunn, wéi verschidden Erwuessener.
Temoignage vun engem Kand
Zënter dësem Mount gi jo och Kanner am Grand-Duché géint de Virus geimpft an déi weisen, datt se heiansdo méi Courage hunn, wéi verschidden Erwuessener.

De Saz "d'Impfung ass wéi e Chrëschtkaddo, se rett eis d'Liewen" kënnt net vun engem Politiker oder engem Wëssenschaftler, mä vun engem klenge Bouf, deen en Dënschdeg säi Vaccin géint Covid-19 krut.

Temoignage vun engem geimpfte Kand / vum Dany Rasqué

Déi Kanner, déi den Ablack geimpft ginn, hunn an hirem kuerze Liewen scho villes duerchgemaach. Et si Kanner, déi gesondheetlech Problemer hunn an dankbar sinn, datt si sech kënne virum Virus schützen.

"Sech kënnen z'impfen, ass wéi e Chrëschtkaddo. Dat rett eis d'Liewen."Dat seet e klenge Bouf. Hien hätt eng Grimmel Angscht virun der Sprëtz gehat an awer wier alles gutt gaangen.

"Ganz gutt. Am Ufank war ech e bësse gestresst, mä et ass alles gutt gaangen. Et huet net wéi gedoen."

Tëscht 5 an 11 Joer hunn d'Kanner, déi vun der Pediater Isabel de la Fuente geimpft ginn. Spéitstens wa se 7, 8 Joer hunn, seet si, wësse si ganz genee, firwat si kommen.

"Ech hunn 10 Kanner geimpft. Lauter Kanner, déi op de Vaccin gewaart hunn, well si chronesch Krankheeten hunn. Alles vulnerabel Kanner an dofir haten d'Eltere scho viru Woche gefrot, hir Kanner impfen ze loossen. Dat heescht, et ware lauter Elteren, déi ganz motivéiert waren an och Kanner, déi d'Impfung wollten hunn."

D'Piqûre, seet d'Pediater, ass ëmmer dat, wat am meeschten Angscht mécht, do kéint een awer drop agoen an deene klenge Patienten zum Beispill mat Entspanungstechniken hëllefen.

Déi Kanner, déi d'Isabel de la Fuente bis elo geimpft huet, hunn zum Beispill eng Chemotherapie hannert sech oder gi wéinst enger Häerzkrankheet traitéiert. Si mussen all Dag vill Medikamenter huelen an dofir kréie si vun der Kannerdoktesch erkläert, datt et immens wichteg ass, datt si sech och no der Impfung nach un d'Gestes barrières halen an, datt och zwou Dosisse keen honnertprozentege Schutz bedeiten.

Hir ganz jonk Patienten, seet si, hätte kee Problem, dat ze verstoen.

Mir hunn dës Kanner mat der Kamera begleet, wéi si sech impfe gelooss hunn. De Reportage gesitt Dir den Owend am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO