GewerkschaftenD'Integratioun vum Landesverband an den OGBL ass komplett

RTL Lëtzebuerg
D'Decisioun gouf de 7. Oktober d'lescht Joer geholl. Elo ass d'Integratioun vum Landesverband an den OGBL komplett.
© OGBL

“E memorabele Schrëtt an der Lëtzebuerger Gewerkschaftszeen” an “en Dag, op deem Geschicht geschriwwe gëtt.” Dat huet e Mëttwoch den Owend all Riedner ënnerstrach, wéi am Casino zu Bouneweg gefeiert gouf, datt de Landesverband elo definitiv am OGBL integréiert ass.

Landesverband gëtt deel vum OGBL / Rep. Dany Rasqué

De Georges Merenz, deen zënter 2017 President vum Landesverband war, huet et a senger Ried offiziell gemaach: “Da maachen ech elo den Deckel vun der 1909 gegrënnter Gewerkschaft mat deem haitegen Numm “Fédération nationale des cheminots, travailleurs du transport, fonctionnaires et employés du Luxembourg FNCTTFEL-Landesverband zou.”

Deen zouenen Deckel géif awer net bedeiten, datt et eriwwer ass. Dat war ee vun de Message vun der OGBL-Presidentin Nora Back.

“Dat hei ass net d’Enn vum Landesverband. Dat hei ass den Ufank vun eppes ganz Groussem. Vun eppes, dat méi grouss ass, wéi dat, wat mer virdrun zesummen haten. Aus zwou wichtegen, groussen a staarke Gewerkschaften am Land gëtt elo eng vill méi grouss a vill méi staark Gewerkschaft, an dat ass nëmmen am Sënn vun deene Leit, déi mer vertrieden.”

De Landesverband war ëmmer op der Schinn, fir déi sozial Rechter vun de schaffende Leit ze verdeedegen, huet de Goerges Merenz ënnerstrach an als Beispill den Index genannt, fir deen OGBL a Landesverband sech zejoert besonnesch staark gemaach hätten.

“Wärend aner Gewerkschafte mat der Regierung a mam Patronat Kuch gejickt hunn, ware mir zesummen op der Strooss fir den Index ze verdeedegen.”

Den Nico Wennmacher war, nieft dem Josy Kontz a Guy Greivelding, ee vun den Éierepresidenten, déi zu Wuert koumen an ass dovunner iwwerzeegt, datt d’Regierung eng eescht Warnung brauch.

“Eng Stäerkung vum OGBL bei de Sozialwale wäert eng Warnung un d’Regierung sinn. Do sinn ech iwwerzeegt an dofir musse mer all den OGBL bei deenen nächste Sozialwalen ouni Ënnerscheed wielen.”

D’Hänn an de Schouss leeën an nokucke kënnt nämlech och fir Éierepresidenten net a Fro, wéi dës puer lescht Wieder vum Nico Wennmacher senger Ried weisen: “Sous les pavés, la plage.”

Back to Top
CIM LOGO