Enseignement musicalDiplom-Unerkennung a Käschten dovu suerge weider fir Diskussiounen

RTL Lëtzebuerg
Elo froen déi zoustänneg Gewerkschaften an de Gemengesyndicat Syvicol eng gemeinsam Reunioun mat der Regierung.
© AFP Archivbild

Dat schreiwe si an engem Communiqué en Dënschdeg de Moien.
Gespréicher mat Inneministère an Educatiounsministère hätte bis ewell näischt bruecht. D'Gewerkschafte setze sech schonn zanter méi wéi engem Joer fir eng vollwäerteg Diplom-Unerkennung fir d'Chargéen am Enseignement musical an.

Fuerderungen, déi de Syvicol absolut géif verstoen. D'Gemenge wéilten awer och wëssen, awéiwäit d'Käschten, déi duerch dës Fuerderungen entstinn, vum Staat gedroe ginn.

Dohier och elo déi gemeinsam Demande, fir eng Reunioun mat der Regierung.

PDF: Schreiwes vun der Acen & FGFC a vum Syvicol

Back to Top
CIM LOGO