Presentatioun vum Schoulrentrée-Konzept"Diplôme Plus", nei Ausbildungsofferen an Université populaire

Maxime Gillen
Jonker a Kanner stäerken, fir hiert Wuelbefanne suergen an Zukunftschancë schafen. Dat ass dat erkläerten Zil vum neie Programm vum Educatiounsminister.
Wuelbefanne vun de Jonke verbesseren
Jonker a Kanner stäerken, fir hiert Wuelbefanne suergen an Zukunftschancë schafen. Dat ass dat erkläerten Zil vum neie Programm vum Educatiounsminister.

Zukunftstechnologien net nëmmen notze kënnen, ma se och verstoe léieren. Dat soll geschwë fir all d'Schüler hei am Land Realitéit ginn. Esou ass et op alle Fall vum Educatiounsministère geplangt. Lass geet et dëst Joer mat engem Cours fir codéieren ze léieren am Cycle 4. Ma dat ass just eng vu ville Mesuren, déi den Educatiounsminister Claude Meisch fir dës Rentrée virgesinn huet.

Presentatioun vum Schoulrentrée-Konzept / Rep. M. Gillen

D'Welt wier an de leschte 6 Méint net stoe bliwwen. Am Géigendeel a verschiddene Beräicher hätt een esouguer d'Impressioun, dass se méi séier gedréint wier, esou de Claude Meisch en Donneschdeg de Moie bei der Presentatioun vu sengem Programm fir d'Rentrée. A puncto Digitaliséierung missten d'Schoulen elo en Effort maachen, fir der technologescher an der gesellschaftlecher Realitéit hannendrun ze kommen.

„An duerfir sinn ech frou, dass mir bei dëser Rentrée wierklech kënnen och codéieren, awer ganz spilleresch an altersgerecht am Cycle 4 an der Grondschoul aféieren a bei der nächster Rentrée dat kënne generaliséieren an der Grondschoul an awer och en neit Schoulfach, wou een d'Grondprinzipie vun der digitaler Welt soll kenneléieren, an deenen ënneschte Klassen am Lycée [aféieren].“

Fir dat ze festegen, wat bis elo scho geléiert gouf, respektiv fir dat opzeschaffen, wat duerch de Confinement dëst Joer ze kuerz koum, ginn dann och scho vum éischten Trimester un Nohëllefcoursen organiséiert an d'Plattform Schouldoheem mat Léiermaterial, fir ausserhalb vun de Schoulstonnen ze léieren, gëtt weidergefouert an deels esouguer ausgebaut.

Ganz nei ass dann de Programm „Diplôme +“. Et géif ee sech wierklech Suergen ëm déi Jonk maachen, dass si déi wieren, déi am längsten duerch d'Pandemie geschiedegt wieren, esou de Minister. Virun allem fir Jonker, déi elo hire Secondairesdiplom kritt hunn, wier et keen einfache Start an d'Beruffs- respektiv Universitéitsliewen.

„Et huet ee säin Diplom, mä et wëll een nach net oder et kann een nach net direkt schaffe goen oder et huet een och vläicht nach net d'Méiglechkeet gehat op enger Héichschoul ënner Daach ze kommen, an da kann een dat, wat nach feelt, eenzel Kompetenzen nach eng Kéier verdéiwen. Zum Beispill och erëm eng Kéier am digitale Beräich, fir d'Chancen einfach ze verbesseren duerno eng Plaz ze fannen oder eng Plaz fir ze studéieren.“

Ma net nëmmen un déi Jonk gouf geduecht. 2021 soll zu Esch Belval eng „Université populaire“ hir Dieren opmaachen. Hei sollen dann eng ganz Rei Formatioune fir Erwuessener offréiert ginn, esou dass dës engersäits hir Kompetenzen ausbauen oder esouguer ganz neier léiere kënnen. Dozou gehéiert dann zum Beispill och erëm, wéi ee mat neien Technologien ëmgeet.

2 grouss Defien huet de Minister fir d'Educatioun ervir gehuewen an dat wier engersäits de Bien-être vu Kanner a Jonken an, an awer och no der Kris, an anersäits de gesellschaftlechen, technologeschen a wirtschaftlechen Entwécklungen net hannendrun ze lafen. Am Hierscht sollen dem Claude Meisch no Assisë vun der Jugend organiséiert ginn: "Fir all d'Acteure beieneen ze bréngen, déi sech och baussent de Schoule mat de Jonke beschäftegen. A fir ze kucke wat mer kënne maache fir d'Engagement vun de Jonken an der Veräinswelt an op anere Plazen net dauerhaft ofbrécht. Dat musse mer ganz séier maachen, ier et ze spéit ass."

Rentrée 2020/2021 - Reportage Claudia Kollwelter

E wichtege Sujet iwwert deen och an de Schoule méi opgekläert misst ginn, wier de Suicide: "Mir mussen iwwert de Suicide vu Jonke schwätzen an eis deem Thema unhuelen. Well och an eise Bildungsstrukturen hu mer eng Responsabilitéit wat d'Preventioun betrëfft."

Dee Sujet misst och op d'Agenda gesat gi vu Formatiounen an der Weiderbildung vum Léierpersonal huet den Educatiounsminister nach ënnerstrach. Eng Partie Elementer an de Schoule wieren elo duerch d'Kris séier lancéiert ginn, sollen dono awer och net verschwannen, seet de Claude Meisch: "An ech denken datt och wann mer scho laang net méi vu COVID-19 schwätzen, mer eng Summerschool wäerten hunn, méi e staarken Engagement am Rattrapage wäerten hunn, a Programmer wéi Diplom + wäerten hunn."

Invitéiert war och de Psychiater Manfred Spitzer, deen zum Beispill iwwert d'Konsequenze vum Lockdown geschwat huet, manner awer iwwert d'Schoulrentrée oder méiglech Pistë wéi d'Léierpersonal mat de Folge vun der Pandemie bei de Schüler ëmgoe kann. Wat iwwregens fir vill Frustratiounen am Chat vun der Video-Iwwerdroung gesuergt huet.

Back to Top
CIM LOGO