D'Police melltDirekt 2 Chauffeuren halen hannert dem Steier en Tëmpchen

RTL Lëtzebuerg
Géint 3 Auer an der Nuecht op e Samschdeg gouf der Police e Chauffeur an der route de Koerich zu Capellen gemellt, deen hannert dem Steier ageschlof war.
© Laurent Weber / RTL

Wéi der Police dëst gemellt gouf, ass de Chauffeur nees waakreg ginn an ass mat sengem Won a Schlaangelinnen a Richtung Olm weider gefuer.

Eng Patrull konnt de Chauffeur kuerz dono op der N13 beim Wandhaff unhalen. Bei der Kontroll koum eraus, dass d’Persoun ze vill Alkohol gedronk hat. Den Héchstwäert gouf iwwerschratt.

Ageschlof war och e Chauffeur virun enger rouder Luucht zu Märel. Den Zéien, deen dëst bei Police gemellt huet, hat och uginn, den Androck ze hunn, wéi wann de Chauffeur ënner Alkoholafloss géif stoen. Och hei huet de Verdacht sech confirméiert, de Wäert war bal duebel sou héich, wéi erlaabt. De Permis gouf hei direkt agezunn.

An de Rives de Clausen an der Stad huet en alkoholiséierte Chauffeur d’Fuerbunn mat sengem Won blockéiert, dat géint 3.20 Auer e Samschdeg de Moien. Kuerz drop ass de Chauffeur dunn nees weider gefuer. An der Rue de Neuford konnt d’Police d’Persoun untreffen a kontrolléieren. Och hei war den Test positiv. Op Grond vum Taux gouf de Permis direkt agezunn.

E Samschdeg de Moien um 9 Auer gouf dann eng weider Patrull an der Rue du Fort Neipperg an der Stad op e Won opmierksam, dat wëll dësen offensichtlech de falsche Wee duerch e Sens unique gefuer ass.

De Won gouf gestoppt an de Chauffeur kontrolléiert. Och hei hat een schonn eng Viranung wéi den Test géif ausfalen, well bannen am Auto eng Partie oppe Fläsche mat Alkohol louchen. Den Héchstwäert beim Alkoholtest gouf dann och wéi erwaart däitlech iwwerschratt an d’Persoun krut e provisorescht Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO