Vum 2. Januar unDirekt mam neie Joer kommen och d'Wantersolden

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Frënn vun de gudden Affären ass de Mount Januar sécherlech e ganz besonneschen. Fir d'Wantersolde ginn et direkt 3 verkafsoppe Sonndeger.

D’Solde gi vum 2. bis den 28. Januar. An deem Zäitraum kënnen d’Butteker da sonndes den 8ten, de 15ten an den 22te Januar och hir Dieren opmaache fir d’Clienten.

Nieft de Präisreduktiounen, déi d’Butteker engem dann ubidden, gëtt et dann awer och nach d’Reduktioun vun der TVA vu 17 op 16%. Dat bedeit awer net automatesch, dass all d’Produiten 1% méi bëlleg ginn. Dat sot dës Woch den Tom Baumert, Direkter vun der Handelsconfederatioun an eiser Emissioun “Invité vun der Redaktioun”. Zil wier et, datt d’Präisser manner séier klammen.

Et gi jo och Artikelen, déi vum reduzéierten Taux vun 3% profitéieren, déi ginn dann net och nach 1% erof. Dat betrëfft zum Beispill Iesswueren, Medikamenter, Bicher an Zeitungen oder Kannerkleeder.

Back to Top
CIM LOGO