Stad LëtzebuergDiskussiounen ëm d’Sécherheet um Vëlo

RTL Lëtzebuerg
Am Stater Gemengerot stoungen 7 Motioune ronderëm d’Mobilitéit um Ordre du jour.
Diskussiounen ëm d’Sécherheet um Vëlo
Am Stater Gemengerot stoungen 7 Motioune ronderëm d’Mobilitéit um Ordre du jour.

En autofräien Dag, Verkéiersberouegung op der Gare an am Gronn, den Duerchgangsverkéier am Gruef, d’Vëlostroossen. 6 Motioune vun déi Gréng. Déi 7. hat d’Partei zesumme mat déi Lénk an LSAP agereecht. Am Fokus: déi suggéréiert Vëlospist uewen an der Rue des Aubépines. Tom Krieps – LSAP, Gemengeconseiller: “De Problem ass, et ass eng hybrid Léisung. D’Voie suggestive, wa kee Vëlo drop ass, dierf een drop fueren. Mee wann e Vëlosfuerer drop ass, muss den Auto de Wee fräi loossen. Dat maachen d’Leit awer net, virun allem net, wa vun uewen erof en décke Camion, en décke stättesche Bus gefuer kënnt.”

D’Parkplaze rietserhand missten ewech an eng geséchert Vëlospist geschaf ginn, op d’mannst fir de Wee erop, verlaangen LSAP, déi Gréng an déi Lénk.

Mécht kee Sënn, fënnt den zoustännege Schäffen, den DP-Politiker Patrick Goldschmidt: “Déi Vëlospist geet da bis op eng Areler Strooss an da geet se néirens méi hin. D.h. ech verlageren e Problem bei d’Areler Strooss oder hannendrun bei d’Klinicken. Mir hätte gär e gesamte Projet an dee kënne mer man, wa lo am Arquebusier d’PAPe lassleeën.”

Och d’Motioun vun déi Gréng, fir d’Vëlosstroossen duerch manner Duerchgangsverkéier mi sécher ze man, kënnt beim Mobilitéitsschäffen Patrick Goldschmidt net un. D’Autoen dierfen d’Vëlosfuerer an dëse Stroossen net iwwerhuelen. Eng Rei Vëlosfuerer hätte sech awer scho gemelt fir ze soen, datt si sech ënner Drock gesat spiere géifen, wann den Auto hannendru fiert. Op der anerer Säit hätt ee festgestallt, datt 80% vun den Autosfuerer sech net un den Iwwerhuelverbuet hale géifen. Deemno géif ee sech wëlle mam Mobilitéitsminister zesummesëtzen, fir ze kucken, wat ee kéint besser man.

Déi Gréng si frustréiert, datt et an dësen Dossieren net viru geet. Virop well d’Motioun vun de Vëlosstroosen am Februar zejoert schonn deposéiert gouf.

François Benoy – déi Gréng, Gemengeconseiller: “Mir mierken einfach, datt di aktuell Majoritéit dat an den Tirang leet, well se net de politesche Courage hunn, fir wierklech ze soen: ech wëll Prioritéite setzen fir di ugepasste Verkéiersmëttel an der Stad.”

E Reproche, deen de Patrick Goldschmit zréckweist: “Haut si 7 Motiounene do. Do sinn der dobäi effektiv, déi schonn 2-3 Joer al sinn. Mee et ass net nëmme Motiounen, déi mer hei ze traitéieren hunn oder d’Servicer. An dofir dauert dat mol mi laang. Mee mir wëllen d’Saach gutt maachen fir d’Bierger an d’Liewensqualitéit all Dag verbesseren.”

D’Mobilitéit - eent vun den Themen, dat an den nächste Wochen nach zu animéierte Wal-Debatte féiere wäert.

Back to Top
CIM LOGO