
Si wéilt sech fir den Accès op d’Wunnen a fir de Klima- an Ëmweltschutz asetzen, esou déi jonk gréng Politikerin an hirer Untrëttsried, e besonnesche Fokus huet si awer och op d’Gläichberechtegung gesat.
“Als iwwerzeegte Feministin wëll ech mech duerch meng parlamentaresch Aarbecht op all Niveau fir eng méi inklusiv Gesellschaft asetzen. Wat a Sonndesrieden iwwer Matbestëmmung oft vergiess gëtt, ass dass d’Liewensrealitéit vu virun allem jonke Fraen net genuch gesinn an net genuch thematiséiert gëtt. Feelgebuerten, Schwangerschaftsofbréch, sexuell an affektiv Opklärung, mee awer och d’Menstruatioun sinn nach oft Tabuthemen.”
D’Jessie Thill ass mat 25 Joer elo iwweregens déi jéngsten Deputéiert an der Chamber, virdru war dat hir Parteikolleegin Djuna Bernard.