Successioun vum Henri GrethenD'Joëlle Elvinger ass Kandidatin, fir bei de Rechnungshaff ze wiesselen

Pit Everling
D'DP-Zentrumsdeputéiert Joëlle Elvinger verléisst d'Chamber eventuell Enn des Joers.
© RTL

Si ass op mannst déi offiziell Kandidatin fir d'Successioun vum Henri Grethen als Lëtzebuerger Vetrieder um europäesche Rechnungshaff. "D'Regierung huet mer dat Vertraue geschenkt, dorop sinn ech immens houfreg.
Datt ech offizielle Kandidat fir den europäesche Rechnungshaff sinn heescht net, datt ech elo schonn aus der Chamber fort sinn. Et ass den éischte Punkt vun der Prozedur, d'Europaparlament muss doriwwer nach e Vott huelen, ech hunn nach en Hearing do virdru mat der Commission de contrôle budgétaire am Europaparlament an et ass de Conseil dee mech muss nennen."

D'Mandat vum Henri Grethen leeft den 1. Januar 2020 aus. Sollt alles klappen, misst d'Joëlle Elvinger dee Moment all hir politesch Mandater opginn.

Als Nächstgewielten op der DP-Zentrumslëscht kéint de Generalsekretär Claude Lamberty esou eng weider Kéier op de Krautmaart noréckelen.

Och am Walfer Gemengerot misst d'Joëlle Elvinger ophalen.

Back to Top
CIM LOGO