
An der Froestonn un d’Regierung huet si an hirer Fro un d’Familljeministesch drop higewisen, datt Leit, déi Hëllef brauchen, fir hir Energierechnung ze bezuelen, sech bei hirem Office social solle mellen an dann do gehollef kréien.
“Déi lescht Woch konnt een an den Noriichte liesen, datt eng Partei sech domadder profiléiert huet, d’Energiekäschte vun eenzele Stéit selwer ze bezuelen, amplaz si un déi Instanz ze guidéieren, déi de Legislateur festgeluecht huet. Amplaz se dohinner ze guidéieren, wou se strukturell Hëllef kréie vu professionellen Acteuren. Domadder gouf de Sozialsystem an eisem Land, menger Meenung no, iwwergaangen a vill Mënsche sinn elo veronséchert, wou se a wéi enge Situatiounen Hëllef kënne kréien.”
D’Piraten hate jo d’lescht Woch enger Famill Sue virgestreckt, déi de Stroum ofgespaart krut, well se hiren Decompte net konnt bezuelen a kritiséiert, datt Leit de Krunn zougedréint kréichen, obschonn de gréngen Energieminister versprach hätt, datt dat net soll virkommen.
D’Familljeministesch Corinne Cahen huet betount, datt den Office social als Zil hätt, de Leit nohalteg ze hëllefen.
Dofir géif ënnert anerem gekuckt ginn, ob déi Betraffen all d’Hëllefen ugefrot hätten, op déi se e Recht hunn.
Eng 10 Woche virum Enn vum Joer goufen et iwwregens och scho méi Demanden, fir Hëllef bei den Energiekäschten ze kréien, wéi d’lescht ganzt Joer, huet d’Corinne Cahen preziséiert.
Bis elo hunn d’Offices sociaux knapp 900 Demanden traitéiert. 2021 waren et fir dat ganzt Joer eng 70 Stéck manner.