Genee hei spiert een, datt d'Verhale vum Konsument sech par Rapport zum éischte Lockdown am Mäerz verännert huet. Den Tim Morizet war en Tour duerch d'Stater Geschäfter maachen.
D'Erliichterung dëser Deeg ass grouss op der Theaterplaz. D'Wäigeschäft vum Guy Tabourin ass eent vun de wéinege Geschäfter an der Uewerstad, dat duerch déi nei Mesure nach dierf verkafen. Besonnesch wärend de Feierdeeg gëllt de Wäi jo als essentiell. Och bei de Stater Geschäftsleit ass een zefridden doriwwer, datt d'Lëscht mat deem, wat a wat net dierf verkaf ginn, fir de Lockdown 2.0 méi kloer ass.
Guy Tabourin, Besëtzer vun engem Wäigeschäft: „D'Informatioun ass dës Kéier besser. Déi éischte Kéier wousste mir net, datt mir dierften opbleiwen an hunn deemools zougemaach. Nodréiglech krute mer bemol gesot, mir hätte guer net missen zoumaachen. Des Kéier war kloer: D'Alimentatioun dierf opbleiwen, do gouf dann och guer net méi diskutéiert."
Et ass gutt roueg an de Stater Stroossen am Verglach zur leschter Woch, ma d'Nervositéit par Rapport zum Ufank vum Joer ass net méi esou ze spieren.
Guy Tabourin:„Et sinn awer méi Leit an der Stad ewéi déi éischte Kéier, wou d'Stad wierklech komplett eidel war. Dee Moment huet ee sech einfach ganz onwuel an der Stad gefillt. Dat ass dës Kéier awer wierklech net de Fall."
D'Verhale vum Konsument huet sech verännert. A ville Geschäfter uechter d'Stad spiert een den Undrang an de grousse Supermarchéen nees. De Client geet anescht mat der Angscht virum Virus ëm, ewéi et nach virun 9 Méint de Fall war.
Anne Kaiffer, Patrone vun enger Stater Metzlerei: „Déi Angscht ass mëttlerweil e bëssen anescht. Et gesäit een, datt vill Leit sech mëttlerweil erëm soen: Ech dinn elo meng Mask un, desinfizéiere meng Hänn gutt an da kann ech awer erëm dohinner goen. Da brauch ech och just op eng Plaz ze goen maplaz vu 7. Dat spillt och bei der Iwwerleeung vun de Leit mat. D'Leit kafen awer och gläichzäiteg nees méi lokal an den Dierfer a probéieren d'Stad a Grand-Surfacen awer e bëssen ze evitéieren."
Aus de Galerien-Deeler vun de Grand-Surfacen halen d'Leit sech awer gréisstendeels eraus. Dat spiert ee virun allem bei de grousse Bäckereien. Hei ass et den Ëmschwong nees an dat lokaalt Geschäft.
Anne Nickels, Administrateur délégué Namur: „Beim éischte Confinement war dat net esou a mir hunn dat viru Chrëschtdag schonn ugefaangen ze spieren an et geet elo wierklech genau esou weider. Mir gesinn dat och an den Zuelen, an de Commanden, déi opgeholl/ofgeholl ginn. Béides hëlt an de Grand-Surfacen of. D'Leit gi méi an eis Geschäfter an der Stad oder am Duerf."
Wei et ëm weider Hëllefe fir d'Stater Geschäfter steet, bleift fir den Ament awer nach e Rätsel. Hei hätt ee bis ewell nach näischt vun der Stater Gemeng héieren. Wärend dem éischte Lockdown waren et ënner anerem Hëllefen am Héicht vu 4.000 ginn.
