
D’Regierung huet en deementspriechende Projet de loi an der Chamber deposéiert, wéi déi e Méindeg wësse gedoen huet.
Den Depot ass aktuell 8.000 Meterkibb grouss, ma staamt aus de 70er Joren a soll ersat ginn duerch 6 nei Reservoire vu jeeweils enger Capacitéit vu 5.000 Kubikmeter.
Déi aktuell Autorisatioun fir déi bestoend Infrastrukture lafen am Fréijoer d’nächst Joer och aus.
Et bleift dobäi, dass een un d’NATO-Pipeline vu Bitburg ugeschloss bleift, déi sougenannte CEPS-Linn, déi och aktuell den néidege Sprit schonn op de Findel liwwert.
Käschtepunkt vun den neien Depote léich bei eppes ënner 86 Milliounen Euro.