
Dat schreift d’APESS, d’Associatioun vun de Proffen am Secondaire, déi en techneschen Audit iwwer d’Integritéit vum Lëtzebuerger Schoulsystem maache gelooss huet. D’Resultat wier alarmant: De klassesche schrëftlechen Exame wier als kognitiivt Mooss-Instrument de facto kompromettéiert. D’Arrivée vu lokaler, autarker KI a Verbindung mat komplett onsiichtbarer Hardware, wéi Smart Glasses oder Knäpp am Ouer géif dozou féieren, dass d’Knäipen net méi ze detektéiere wier.
D’APESS wollt hiren Audit am Conseil Supérieur de l’Éducation Nationale presentéieren, fir d’Schoulpartner opzeklären. De Bureau vum Conseil supérieur de l’Éducation nationale huet dat awer refuséiert an op eng Entrevue hanner zouenen Diere verwisen.