Fir d'Fiiss ze schounenZu Salisbury a Groussbritannien gëtt mat Blutt-Hënn Juegd op Jogger gemaach

RTL Lëtzebuerg
Zanter 2005 ass d'Fuussejuegd a Groussbritannien verbueden. Ma eng Rei Juegd-Clibb hunn eng Alternativ fonnt.
Juegd op Jogger
Zanter 2005 ass d’Fuussejuegd a Groussbritannien verbueden. Ma eng Rei Juegd-Clibb hunn eng Alternativ fonnt.

E Grupp vu Leefer op der Flucht virun engem Ruddel Blutt-Hënn. Wat sech liest ewéi eng Zeen aus engem schlechten Horror-Thriller, ass am englesche Salisbury eng Traditioun, déi vëlleg legal iwwer d’Bün geet. Zanter 2005 ass d’Fussejuegd a Groussbritannien nämlech verbueden. Ma eng Rei Juegd-Clibb hunn en Ersatz fonnt. Amplaz op Fuussen oder aner Déiere maache si Juegd op Mënschen. Dat awer nëmmen am iwwerdroene Sënn.

E Grupp vu Leefer kritt zwee Kilometer Avance, éier dann d’Hënn lassgelooss ginn, fir d’Jogger ze erschnoffelen. D’Nues vun de Muppen ass esou gutt, dass hinnen opfält, dass de Buedem, iwwert deen d’Leefer gelaf sinn, anescht richt ewéi rieds a lénks niewendrun.

Um Enn sinn dann esouwuel d’Leefer ewéi och d’Muppe gutt midd. Gebass gouf iwwerdeems keen.

Back to Top
CIM LOGO