IRM PotaschbiergD’Konventioun mam CHL huet Vir- an Nodeeler

RTL Lëtzebuerg
Den CHL huet eng fäerdeg Struktur mat IRM a Scanner bäikritt. Wéinst der Konventioun mam CHL kann een awer net einfach sou zousätzlecht Personal astellen.
IRM Potaschbierg : D’Konventioun mam CHL huet Vir- an Nodeeler
Et ass e globaalt Konzept, dat d’Grënner, 4 Dokteren, um Potaschbierg ëmgesat hunn.

E medezineschen Zenter mat verschiddene Spezialisten, e Labo fir Bluttanalysen an e Service fir d’imagerie médicale. Et ass e globaalt Konzept dat d’Grënner, 4 Dokteren, hei um Potaschbierg ëmgesat hunn. Just, datt de Service imagerie mam Scanner an IRM eben net eegestänneg funktionéiere dierf, mee zanter Januar beim Centre Hospitalier de Luxembourg konventionéiert ass.

Et wär win-win, seet den Dr Frédéric Hencks, Radiolog a Co-Investisseur. “Mir hunn e staarke Partner mam CHL. Alles wat IT ass, hire ganze Background hate mer virdrun net. Dat si sécherlech Virdeeler.” Den CHL iwwerdeems hätt eng fäerdeg Struktur mat IRM a Scanner bäikritt.

An effektiv, am CHL an der Stad ass een och zefridden. “D’Dokteren déi do schaffen, bedeelege sech hei un den IRMe Samschdes, si maachen och emol de Mount Samschdes op. Si maachen och Garden. Do ass eng ganz gutt Kollaboratioun”, seet d’Dr Martine Goergen, Directeur médical vum CHL.

E Bemoll gëtt et dann awer aus der Siicht vum Potaschierg: verlängert Ëffnungszäite sinn an der Theorie wuel méiglech. Praktesch awer schwéier ëmsetzbar. “Well mir kënnen net esou unternehmeresch reagéieren, wéi mer dat normalerweis als Unternehmer géife maachen”, erkläert den Dr Dominik Doerr, Sportmedeziner a Co-Investisseur.

Wéinst der Konventioun mam Spidol kann een am Service vun der imagerie médicale net einfach esou zousätzlecht Personal astellen. “Do si mer schonn ugewisen un de Ministère vun der Sécuirité sociale, dee mat der CNS zesumme bestëmmt, wéi de Schlëssel ass vun den Assistant Technique Médicalen, déi mer halt brauchen, fir d’Geräter ze bedéngen.”

De Potaschbierg huet awer eng entspriechend Ufro agereecht. An Zäite vun Dokteschmangel dann nach eng gutt Nouvelle: vu Januar u wäert eng Neuro-Radiologin aus Däitschland d’Ekipp um Potaschbierg verstäerken.

Back to Top
CIM LOGO