D’Lëtzebuerger Waasserwirtschaftsamt schafft dobäi mat sëllegen aneren Acteuren aus der Groussregioun zesummen, fir d’Qualitéit vun de Gewässer ze iwwerwaachen. Am Kader vun enger grenziwwerschreidender Campagne wäert dës Joer d’Laboschëff Max Prüss am Dräilännereck ënnerwee sinn a wärend 220 Deeg Prouwen op verschiddene Statiounen huelen.
An deem heite Fall ginn awer weder Waasser nach Sedimenter geprouft, mee Moulen. Méi spezifesch d’Dräikantmuschelen. Et wëll een nämlech kucken, wat fir en Impakt déi sëlleg Schuedstoffer am Waasser op d’ Organisme kënnen hunn. D’Muschele wieren dobäi e gudden Indice fir den Zoustand vum Waasser, well si et filtréieren.

“Wa mir d’Muschele beprouwen, do hu mir éischter mat Schuedstoffer ze dinn, déi vill méi laang wäerte brauchen, bis datt se fort sinn”, erkläert den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Jean-Paul Lickes. “Dat si Microschuedstoffer oder och Industrieschuedstoffer, déi guer net méi produzéiert ginn, awer trotzdeem nach laang wäerten do sinn.” Mee och déi misst een am A behale fir ze kucken, wéi d’Evolutioun elo an an den nächsten 10 bis 20 Joer wäert sinn. Wichteg wier, datt ee just d’Réckstänn am Gewebe analyséiert. Dofir ginn d’Moulen 2 Deeg a filtréiertem Waasser gehalen, fir datt se, banal gesot, de Mo eidel hunn. D’Déiere ginn dann agefruer an un d’Laboe weidergeschéckt. Do géife genau Analyse gemaach ginn, esou de Jochen Fischer vum Landesamt für Wasserschutz Rheinland-Pfalz. “Wir müssen bei de Schadstoffkonzentrationen sehr niedrig runtermessen um an die Bestimmungsgrenze, beziehungsweise an die Umweltqualitätsnormen heranzukommen.”

D’Resultater ginn um Enn mat anere Prouwe verglach an zu Bréissel gemellt. Nëmmen esou kéint een e Gesamtbild vum Waasserzoustand schafen. Dofir wier et wichteg, virun allem iwwert de Summer, wann d’ Waasser wéinst de laangen Dréchente nees rar gëtt, weider ze moossen, erkläert déi saarlännesch Ëmweltministesch Petra Berg. D’Schuedstoffer wieren deen Ament méi konzentréiert.
D’Laboschëff Max Prüss gëtt iwwregens vun Nordrhein-Westfalen zur Verfügung gestallt an ersetzt domat dat aalt Boot vum Rheinland-Pfalz.