Digital Skills"D’Leit fit maache fir dat digitaalt Zäitalter"

Jeannot Ries
Dat ass eent vun den Ziler vun der neier Plattform digitalskills.lu, déi ënnert anerem vum Premier a Medieminister Xavier Bettel presentéiert gouf.
"D’Leit fit maache fir dat digitaalt Zäitalter"
Dat ass eent vun den Ziler vun der neier Plattform digitalskills.lu, déi ënnert anerem vum Premier a Medieminister Xavier Bettel presentéiert gouf.

Digitaalt Wëssen, dat heescht net, datt jidderee muss kënne Programmer schreiwen. Dat Wësse fänkt u sech fir déi meescht Leit am Alldag un. Wann een de Smartphone aus der Täsch hëlt. Fir Fotoen ze maachen. Geld z’iwwerweisen. En Zuchticket ze kafen.

En Alldag, an deem duerch de Brëll vun der Wirtschaft gekuckt dat Digitaalt systemrelevant gëtt. Wie mathale wëll, muss sech adaptéieren. Do ass a Konkurrenz mat Asien an den USA de ganzen europäesche Kontinent gefuerdert. Den Ament dréckt hei am Land de Schong nach e bësschen iwwerall, sou den Tom Wirion, Direkter vun der Handwierkerkummer.

Dat Digitaalt verännert d’Beruffer. Ee Betrib vun zwee seet, e géif hei am Land net déi richteg ausgebilt Aarbechtskraaft fannen. Den éischte Vecteur wier elo net d’Schoul, ma d’Weiderbildung. Fir séier déi richteg Profiller ze schafen.

© Jeannot Ries

Fir eng Plaz am IT-Secteur, déi op steet, fënnt d’Adem statistesch 0,17 Kandidaten.

Fazit: Lëtzebuerg muss Talenter am Ausland sichen. Ëmmer méi wäit. Souguer dat géif ëmmer méi schwéier ginn. De Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce, erënnert drun, dat dofir och de Kader stëmme muss. Vun der Mobilitéit iwwer d’Präisser am Logement bis d’Fiskalitéit.

Kee Wee féiert méi derlaanscht. Vum klenge Café bis zur grousser Bank. Dee Message muss och an de Schoulen ukommen. Wou spezifesch Sektiounen geschaf goufen.

De Premier huet d’Digitaliséierung mat engem TGV verglach : Den Ament wier Lëtzebuerg nach éischter an der Lokomotive. Gett déi rapid Evolutioun verschlof, kéint ee séier am leschte Waggon landen. Dofir déi nei Plattforme ''digitalskills.lu’’, déi alles ronderëm dat Digitaalt hei am Land zentraliséiert an an d’Vitrinn stelle soll.

Back to Top
CIM LOGO