
Am Januar dëst Joer krut d'Spruddelwaasser Lodyss vun der Deutsche Landwirtschafts-Gesellschaft (DLG) de "Goldener Preis" an deemno déi maximal Nott 5/5. Fir Lëtzebuerg ass dat eng Première.
D'DLG gouf 1885 als éischt europäesch Organisatioun agro-alimentaire gegrënnt. Hir Experten analyséieren all Joer bis zu 260 Mineralwaasser-Zorten. Dëst Joer ass et Lodyss, dat d'Experten iwwerzeege konnt.
D'Waasser kënnt aus enger Déift vun 300 Meter a soll nach aus der Äiszäit stamen, dat heescht 30.000 Joer al sinn. Dat géif dee renge Goût ausmaachen. D'Waasser huet donieft 0 Nitrater, net vill Sodium a Mineralien a ka vu jidderengem ouni Bedenke gedronk ginn.