Aus Park gëtt ParkhausD'Liberatiounsstrooss zu Schëffleng ännert an den nächste Joren

Christophe Hochard
Tëscht 140 an 150 Parkplazen entstinn hei. Virun oder kuerz nom Summer sollen d'Aarbechten ufänken an 2 Joer laang daueren.
Liberatiounsstrooss zu Schëffleng ännert
Tëscht 140 an 150 Parkplazen entstinn hei. Virun oder kuerz nom Summer sollen d’Aarbechten ufänken an 2 Joer laang daueren.

D’Käschte vun dësem Parkhausprojet belafe sech tëscht 11 an 12 Milliounen Euro. Bis dëst Parkhaus operationell ass kënnen d’Autoen hei provisoresch geparkt ginn. Bis zu 50 Parkplaze ginn et op dëser Plaz.

2017 ass den Tour de France duerch Schëffleng gefuer. Zanterhier laacht de Ben Gastauer de Leit vun dëser Fassad vum Haus “A Kassen” entgéint. Fréier war et e Bauerenhaff. Elo ass d’Haus a Gemengerhand an et sollen Neel mat Käpp gemaach ginn. 2024 kéint de Projet “A Kassen” ofgeschloss sinn. Och dëse Projet beleeft sech ëm 12 Milliounen Euro.

11.500 Mënsche liewen op enger Surface vu ronn 8 Quadratkilometer. Vun der Awunnerzuel hier geet ee stramm a Richtung 12.000.

Back to Top
CIM LOGO