
Fir d’Vera Spautz géing d’Astrid Freis-Thinnes zu Esch an de Gemengerot noréckelen. Si war zwar bei de leschte Walen 2017 just 15. gewielt vu 19 op der LSAP-Lëscht, mee all déi aner LSAP-Leit, déi e bessere Score haten, sinn aus diverse Grënn zeréckgetrueden, respektiv geplënnert.
D’Vera Spautz ass 59 Joer al. Si war vun 2004 bis 2012 Deputéiert an tëscht 2013 an 2017 Buergermeeschtesch vun Esch. Bei de Wale vun 2011 ass d’LSAP vu 9 op 6 Mandater gefall an de Schäfferot hunn d’CSV, d’DP an déi Gréng fir sech beasprocht.