Zwee Fligere plus EquipageD'Luxair verlängert de Kontrakt mat German Airways ëm e weidert Joer

RTL Lëtzebuerg
D'Luxair gräift fir d'Summer-Destinatiounen op e weidere Fliger vun der däitscher Airline zréck.
© RTL Mobile Reporter / Andy B.

De wet-lease-Kontrakt leeft déi nächst 12 Méint, dat heescht, datt nieft den zwee Embraer-Fligeren och den Equipage mat iwwerholl gëtt. Déi zwou Maschinne fléien an de Faarwen a mam Logo vun der Luxair. Wéi et vum Luxair-Direkter Gilles Feith heescht, misst een op d’Maschinne vun German Airways zeréckgräifen, fir der Demande op de Luxair-Strecken iwwerhaapt kënne gerecht ze ginn. Dat wier mat den eegenen Capacitéite guer net dra gewiescht.

D’Luxair huet aktuell 19 eege Fligeren, do dobäi kommen dann déi zwou Maschinne vun der däitscher Airline, déi all Kéier eng Capacitéit vu ronn 100 Passagéier hunn.

An de Joren 2024 an 2025 wëll d’Luxair da seng Flott no an no moderniséieren an nei Fligeren uschafen.

No zwee sozial an ekonomesch schwierege Jore bei der Luxair leeft aktuell jo eng Mediatioun, déi vum fréiere Procureur Général Robert Biever geleet gëtt.

Virun engem Mount hat et och um Bord vun der Aviatiounstripartite eng gréisser Maniff mat engen 800 onzefriddene Luxair-Mataarbechter ginn.

PDF: D'Schreiwes vun der Luxair

Back to Top
CIM LOGO