Esch/DiddelengD'Malicka Ouro Agbandjala gëtt vermësst

RTL Lëtzebuerg
Déi 31 Joer al Fra ass fir d'lescht e Mëttwoch géint 13 Auer zu Esch gesi ginn.

Et ginn Indicen, dass Si an Tëschenzäit och emol zu Diddeleng kéint gewiescht sinn. D’Fra ass tëscht 1m60 an 1m70 grouss a schlank. Si huet brong Aen a kuerz schwaarz Hoer.

Wéi se fir d’lescht gesi gouf, hat se e gréngt Kappduch un, e groe Pullover, eng gréng Wanterjackett, eng gro Joggingsbox a Schong vun der Mark Puma.

Wien d’Fra gesinn huet, respektiv weess, wou se sech ophält, soll sech w.e.g. bei der Police vun Esch mellen, via Telefon (+352) 244 50 1000 oder E-Mail: police.esch@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO