RTL beleet déi 3 éischte Plazen am Lëtzebuerger Media-Ranking. All Woch erreecht RTL (Radio, Tëlee an Internet) 424.100 Persounen zu Lëtzebuerg (80.6% vun der Populatioun). Dat ass en neie Rekord !
Op eng Woch gekuckt, kënnt RTL.lu op d'Spëtzepositioun an erreecht 56.6% vun der Populatioun. Op zweeter an drëtter Plaz kommen RTL Télé Lëtzebuerg (och via RTL ZWEE an Internet) (55.4%) an RTL Radio Lëtzebuerg (51.6%).

* Zweemol am Joer analyséiert TNS-Ilres am Optrag vun der Regierung an den 3 Haapt-Medienhaiser (Editpress SA, IP Luxembourg/CLT-UFA a Saint Paul Luxembourg SA) de Mediekonsum vun der Lëtzebuerger Populatioun. D'Analys gouf tëscht Februar 2020 a Februar 2021 op engem Echantillon vu 4.000 Awunner vun iwwer 15 Joer gemaach.