U sech hat et gutt ausgesinn, mat engem käschtendeckende Mëllechpräis, mä dëst Joer hunn d'Mëllechpräisser scho ferm noginn, huet et en Dënschdeg op enger Pressekonferenz vun de Mëllechbauere geheescht. Déi Entwécklung wär net z’ënnerschätzen. D'Lëtzebuerger Mëllechproduzente fäerten, datt d'Präisser déi nächst Méint weider zréckginn an d'Baueren ënner Drock setzen. D'Produktioun ass méi héich wéi d'Nofro. D'Käschte wieren explodéiert.
D'Mëllechbauere wéilte gär fräiwëlleg d'Produktioun drosselen an dofir entschiedegt ginn. Sou géif de Marché nees an den Equiliber kommen.