RTL-Informatioune confirméiertD'Mesurë ginn ëm 3 Woche verlängert bis den 21. Februar

Roy Grotz
Dat heescht also, datt déi aktuell Moossname soulaang en place bleiwen an datt also den Horesca-Secteur op d'mannst bis den 21. Februar soll zoubleiwen.

Am neie Gesetzprojet sollen iwwerdeems nach eng Rei Detailer ugepasst ginn, ënner anerem beim Thema Dateschutz bei den Impfungen. Eng aner Fro ass jo déi vun de Rees-Restriktiounen. Do gëtt et keng Decisioun op nationalem Plang, de Grand-Duché wëll sech do der europäescher Positioun uschléissen.

Back to Top
CIM LOGO