Limitéiert Plazen am CHLD'Neonatologie soll erweidert ginn, mee wéini?

Monica Camposeo
Mat bis zu 16 Plazen op der Intensivstatioun ass d'Neonatologie vum CHL ze kleng. Wéini a wéi se vergréissert wäert ginn, ass allerdéngs onkloer.
Symbolbild
Symbolbild
© Canva / Sergey Novikov

Bis Mëtt Dezember hunn d’lescht Joer 14 sougenannten “transferts in utero” musse gemaacht ginn. Dat bedeit, dass eng schwanger Fra an d’Ausland verwise gëtt wann de Puppelche riskéiert, ze fréi op d’Welt ze kommen, mee et awer keng Plaz an der Neonatologie vum CHL hei am Land gëtt.

2024 waren et der 24 an 2023 hunn 28 Frae wéinst Plazmanktem am noen Ausland missen hospitaliséiert ginn.

“Déi meeschte schwanger Frae kënnen no enger Iwwerwaachung heemgoen oder ginn, wann et muss sinn, weider iwwerwisen”, sou d’Erklärung vum Santésministère op RTL-Nofro. Normalerweis kéinten d’Fraen och zeréck op Lëtzebuerg an d’Clinique Bohler iwwerwise ginn, wann déi 32. Schwangerschaftswoch bis erreecht ass.

Tëscht 10 a 15 Kanner komme pro Joer awer am Ausland op d’Welt. Dacks da virun der 32. Schwangerschaftswoch. Fir vill Famillje bedeit dat dann, dass si eng laang Zäit wäit fuere mussen, wann hire Puppelchen no der Gebuert hospitaliséiert bleift. Eng Fréigebuert bréngt nämlech eng intensiv Betreiung mat sech an zum Deel leider och Komplikatiounen. Kënnt dann nach e wäiten Trajet dobäi, dee mam Alldag tëscht Famill an Aarbecht komplizéiert ze geréieren ass, verschlëmmert dat fir d’Elteren duerchaus d’Situatioun.

Mat bis zu 16 Plazen op der Intensivstatioun ass d’Neonatologie, wéi se grad ass, also definitiv ze kleng. Dat hat och d’Dr. Charlotte Pierron an engem Reportage iwwer d’Neonatologie am Dezember gesot.

Eng Erweiderung ass och scho virgesinn, confirméiert d’Santé. Ma bis ewell konnt dat awer nach net realiséiert ginn. “E Projet fir d’Neonatologie auszebauen, war viru fënnef Joer vum Ministère geneemegt ginn”, esou de Santésministère nach an der schrëftlecher Äntwert.

Fir d’Aarbechten ze maachen, misst déi ganz Unitéit verluecht ginn, wat natierlech schwéier ass. “Eisen Informatiounen no soll dem Ministère een neie Projet proposéiert ginn.” Iwwert en Zäitraum huet d’Santé awer net kommunizéiert.


Weider Artikelen zum Theema:

Back to Top
CIM LOGO