
Et war an der 20. Schwangerschaftswoch wéi dem Noa seng Mamm, d’Lis, fir eng routineméisseg Ultraschall-Kontroll bei hir Fraendoktesch gaangen ass. Séier huet sech hei erausgestallt, datt eppes net stëmme géif: Den Noa hat vill Waasser a sengem Kierper. Eng genee Erklärung heifir konnt d’Doktesch der Mamm net ginn, wouropshin d’Lis an den CHL weidergeschéckt ginn ass. Do dunn d’Diagnos: Den Noa huet eng sougenannt “Congenital Pulmonory Airway Malformation”, kuerz “CPAM”. Konkreet bedeit dat, datt den nach ongebuerene Fötus eng grouss Mass un Kysten um Broschtkuerf hat, déi säin Häerz zerquëtscht a fir Kreeslaf-Probleemer gesuergt huet. Doduerch koum et och zu de Waasser-Alagerungen, déi d’Fraendoktesch beim Ultraschall entdeckt hat. D’Lis huet doropshin op Recommandatioun vu Bréisseler Dokteren eng Kortisontherapie matgemaach, ma och déi huet d’Situatioun net verbessert.
“Den 29. Oktober si mer dunn op Bréissel gaangen an déi Doktesch huet dann awer och direkt gesot, datt dat do guer net gutt géif ausgesinn. Dat Häerz wier vill ze vill zerdréckt, et géif ee keng Long gesinn, et géif ee just déi Mass u Kyste gesinn. Si géif do keng Chance gesinn a mir sollen eis do mat enger Ofdreiwung vertraut maachen.”
E Schock an e schwéiere Moment fir d’Lis an hire Mann Joé, déi sech bemol mam Gedanken hu mussen auserneesetzen, datt den Noa méiglecherweis net iwwerlieft. Och d’Gefor vun engem sougenannte Mirror-Syndrom, also datt d’Lis iergendwann déi selwecht Symptomer wéi den Noa matmécht, huet Drock gemaach.
“Dunn hunn ech och mat menger Tatta geschwat, dat huet och e Stärekand. Mat him hunn ech vill doriwwer geschwat, wat een alles ka maache fir en (den Noa) an Erënnerung ze halen, mat Fotoen a sou. Well no der 20. Schwangerschaftswoch muss en dat Kand jo awer op normalem Wee op d’Welt bréngen. (...) An Allerhellegen hunn ech dunn nach zu mengem Mann gesot: ‘Da kuck mol um Kierfecht wat do nach fräi ass’. Also mir hunn eis scho mat deene Gedanken, mat där Tatsaach, datt et net soll sinn, auserneegesat”, zielt mer d’Lis.
Mee et sollt alles anescht kommen.
D’Lis ass kee besonnesch spirituelle Mënsch, zielt si mer am Gespréich. Mee awer hat si enges Daags bei engem Online-Orakel matgemaach, dat si zoufälleg an de soziale Reseaue gesinn hat, "(...) wou eng spirituell Fra Kaarten zitt. An déi hat mir deen Dag, wou ech aus dem IRM zu Bréissel koum, mäin Orakel geschéckt mat ‘Liebe endet nie’. Ech hunn do awer net drop reagéiert well ech war do an all mengen Zoustänn awer net gutt.”
E puer Deeg drop huet d’Lis sech awer dorun zréckerënnert. Well déi jonk Mamm net un Zoufäll gleeft an an hirer Lag alles versiche wollt wat méiglech war, huet si kuerzerhand d’Fra kontaktéiert an hir vun hirer Situatioun erzielt.
“Dunn hunn ech mat der Fra nach eng Meditatioun gemaach an dunn an där Meditatioun ass mer dann eng Long virun d’Ae komm, déi opgebléit ass mat lauter Blummen a geliicht huet. Et kann ee lo soen: ‘Dat huesde der agebilt’ oder ‘dat huesde der selwer virgestallt’ oder sou. Dat maach och sinn, ech weess et net. Mee et war u sech dat, wat mech du weidergedriwwen huet a mer kloer gemaach huet: Nee, do muss et nach iergendeppes ginn”.
Duerch Internet-Recherchen ass dem Noa seng Mamm op de Professer Thomas Kohl vun der Unisklinik zu Mannheim gestouss. Dësen huet an der Vergaangenheet scho Bëbeeë gehollef, déi och wéi den Noa u CPAM gelidden hunn. No enger Mail an engem gemeinsamen Telefonat koum eng Invitatioun vum Professer un d’Lis, fir op Mannheim ze kommen an domadder och nees e Stéck Hoffnung.
“Du sinn ech op Mannheim gefuer bei de Professer Kohl an ech si relativ séier do un d’Rei komm. Dunn huet hien en Ultraschall gemaach a gesot: ‘Ich kann Ihr Baby operieren’.”
Ursaach fir dem Noa seng CPAM-Diagnos war eng Feelbildung vun der Aorta: E Bluttgefääss vun dëser war a Richtung vun de Longe gewandert an huet hei d’Kysten erniert: E sougenannte “Sequester”. Fir dogéint virzegoen, hat de Professer Kohl bei sengem Agrëff Follgendes wëlles:
“Hie géif do duerch mäi Bauch mat zwee Lächer ran an d’Fruuchtblos goen an dann duerch dem Noa säi Broschtkuerf do bei d’Häerz an da géif hien do dat Bluttgefääss, wat dat Ganzt do duerchblutt, géif en da ‘veröden’ mat engem liichte Stroum. An da kéint een u sech hoffen, datt déi Kyste géife schrumpfen a sech déi Long do géif bilden (...)”
Eng honnertprozenteg Garantie, datt d’Operatioun Erfolleg wäert hunn, haten d’Lis an de Joé net, mee awer hu si sech dofir entscheet. Den Agrëff war schlussendlech awer e Succès an dräi Méint méi spéit, den 20. Februar, koum den Noa op d’Welt.
Eriwwer war säi Kampf domat awer nach net direkt. D’Kysten um Noa senger Long waren net komplett verschwonnen an hien huet nach 6 Wochen duerno weider mussen intubéiert gi fir ootmen ze kënnen, huet staark Medikamenter mussen huelen a krut och säi rietsen ënneschte Longelappen ewechgeholl. Och haut nach muss hie beim Schlofen eng sougenannt “High Flow Mask” droen, déi him nuets beim Ootmen assistéiert. Och fir dem Noa säi grousse Brudder Lio war et keng einfach Zäit. Laang konnt hie säi Bridderchen net gesinn a war wéinst de Spidolsopenthalter vu sengen Elteren och dacks net bei hinnen.
Trotzdeem allem awer ass den Noa um Wee vun der Besserung, konnt dräi Méint no senger Gebuert endlech d’Spidol verloossen, muss entretemps manner Medikamenter huelen a léisst sech net aus der Rou bréngen.
Fir dëst Joer erhofft sech dem Noa seng Famill méi Zäit mateneen a virun allem manner Openthalter am Spidol. Dem Lis hire Message un aner Familljen, déi méiglecherweis dat selwecht duerchmaachen, ass et: „datt een d’Hoffnung net soll opginn. Esou eng Diagnos ass e Schlag an d’Gesiicht. Et ass wierklech schrecklech duerch wat ee geet. Ech roden awer all de Familljen net opzeginn an awer ze kucken, ob et iergendwou nach eng Méiglechkeet gëtt a wat een awer nach ka maachen. Eis Medezin ass awer haut wierklech esou wäit”
Dem Noa seng Geschicht ass d’Geschicht vun engem Kampf vun zwee Elteren, déi hire Bouf net wollten opginn a vun engem Jong, dee liewe wollt.