Fir d’Elteren ass et dacks e laangen a keen einfache Wee. D’Famill Alakma huet et awer gläich gepackt. Dat klengt Jennah-Rym hätt kënnen den éischte Bëbee am neie Joer 2026 ginn. Fir déi éischt Januarwoch war seng Gebuert virgesinn. No enger Routinesënnersichung Ufank Oktober ass awer alles ganz schnell gaangen. An der 27. Woch ass d’Meedche mat 600 Gramm op d’Welt komm. Fir d’Eltere keng einfach Zäit. Am Ufank war hier Duechter an enger Couveuse. Et hätt ee sech vill Suerge gemaach, erzielt de Papp. Am Ufank war d’Entwécklung onkloer an och mat villen Zweiwele verbonnen. Zanter zwee Méint komme si all Dag no hirem Puppelche kucken.
An domadder si si net eleng. Et ass e Spagat tëscht Alldag, Aarbecht a Spidol. Nach méi schwéier gëtt et awer, wann d’Kanner am noen Ausland mussen op d’Welt kommen, well an der Neonatologie hei am Land nämlech net genuch Plaz ass. D’Dokter Charlotte Pierron ass spezialiséiert an der Neonatologie an erkläert, dass d’Elteren dann dacks wéinst dem laangen Trajet net esou vill bei hirem Kand kënne sinn. D’Präsenz vun den Elteren ass fir Bëbeeën, déi ze fréi op d’Welt kommen, awer immens wichteg. Den Openthalt am Spidol wier doriwwer eraus och vill méi ustrengend, well entweder een Elterendeel eleng beim Kand bleift, oder ebe vill Zäit fir den Trajet drop geet. Et wéilt een déi Kanner no der Gebuert nees zeréck op Lëtzebuerg huelen, ma och dofir feelt et awer u Plaz, esou d’Dr. Pierron.
16 Intensiv-Plaze ginn et hei am Land. Dacks sinn iwwer 90 Prozent vun de Better beluecht. An dat ass och e Problem, well da keng Plaze fir akut Noutfäll fräi bleiwen. Fréigebuerten och Komplikatioune bei Gebuerten, déi à terme sinn, kéint ee per Definitioun net plangen.
En onermiddlechen Asaz fir déi klengste Patienten
Trotz der onermiddlecher Zesummenaarbecht tëscht de Professionellen an den Elteren, gehéiert den Dout an der Neonatologie leider och dozou, esou d’Dr. Charlotte Pierron. An deene meeschte Fäll wieren et déi klengste Puppelcher, déi wärend hirem Openthalt an der Neonatologie stierwen. Da gehéiert et zu den Aufgabe vun der Ekipp, d’Elteren an eventuell d’Geschwëster ze betreien a begleeden. Do géing een och net no de Statistike kucken, mee all Fall individuell behandelen. Well fir d’Famill och nëmmen dat eegent Schicksal wierklech eng Roll spillt.
Dem Jennah-Rym seng Elteren hunn déi Suergen hannert sech. Si dierfe geschwënn heem, mat hirer Duechter. Ma virdrunner steet awer nach déi lescht grouss Etapp an der Neonatologie un: Mamm-Kand-Kummer. Sechs esou Zëmmere gëtt et, fir d’Elteren op den Alldag mat hirem Bëbee virzebereeden. Nach weess d’Famill net, wéini si hir Saache kënne paken, ma si hoffen awer, dass et net méi all ze laang dauere wäert.
Wuelbefanne vun de Famillje spillt eng grouss Roll
Well d’Elteren an och d’Geschwëster esou vill Zäit am Service vun der Neonatologie verbréngen, gëtt grousse Wäert op d’Wuelbefanne vun de Famillje geluecht. Dekoratioun, Stëllfotellen oder nach d’Ausstattung vum Gemeinschaftsraum, alles dat si Saachen, déi mat Spende kaaft ginn. Mee och Saach-Spende kritt den CHL reegelméisseg. Zum Beispill kleng Oktopusse mat dënnen Tentakelen, déi déi kleng Patienten och gegraff kréien. Oder ganz klengt Gezei, dat et esou net am Handel ze kafe gëtt. Dat alles si kleng Gesten, déi den Elteren an der schwéierer Zäit kënnen hëllefen.
Eng Mamm hat eng ganz besonnesch Iddi, fir Donen ze sammelen. Si huet e Buch geschriwwen, dat bis ewell 300 Mol verkaf gouf. 3.500 Euro goufen op dee Wee un d’Neonatologie gespent.