GasrechnungD'Netz-Käschte gi vum Staat iwwerholl

Jeannot Ries
De Staat iwwerhëlt d'Netz-Käschte beim Gas, fir déi héich Energiepräisser ofzefiederen.
D'Netz-Käschte gi vum Staat iwwerholl
De Staat iwwerhëlt d’Netz-Käschten beim Gas, fir déi héich Energiepräisser ofzefiederen.

Nodeem Russland een Exportstopp vum Gas géint Polen a Bulgarien decidéiert huet, stelle sech ëmmer méi EU-Länner drop an, dass Moskau de Gaskrunn zoudréit. Lëtzebuerg ass net direkt vum russesche Gas ofhängeg, mee et muss ee mat weidere Präishaussë rechnen. Vum 1. Mee un iwwerhëlt de Staat elo mol d’Netz-Käschte vu Stéit, déi mat Gas hëtzen. D’Versuergung ass fir den Ament garantéiert.

Hanner Pëtrol a Kuelen ass den Natur-Gas mat 21% Maart-Undeel déi 3. Energiequell weltwäit. Dem Putin seng Invasioun vun der Ukrain an hir Konsequenzen hunn op e Joer gekuckt, de Präis vum Megawatt d’Stonn ferm an d’Luucht gedriwwen. Den Ament muss am Verglach mat virun engem Joer dat 4-facht bezuelt ginn.

“Et ass weider eng ganz ugespaant Situatioun op de Mäert. Den Drock ass héich. Déi politesch Situatioun, de Krich an der Ukrain, dat dréit net derzou bäi, datt et eng Entspanung gëtt. Ganz am Géigendeel. An et muss ee leider dermat rechnen, datt et den nächste Wanter éier zu enger Präis-Hausse kënnt, wéi elo de Géigendeel”, sou d’Analys vum Claude Simon, Head of Energy Sales bei Enovos Lëtzebuerg.

Masutt, Diesel, Bensinn, respektiv Elektresch, Gas: D’Stéit hei zu Lëtzebuerg musse sech drop astellen, datt de Budget fir Energie op d’mannst mëttelfristeg héich bleiwe wäert an op eenzele Poste souguer den nächste Wanter weider unzéie wäert.

Do ass jidder staatlech Ënnerstëtzung wëllkomm. Sief et un der Pompel, oder beim Hëtzes. Vum 1. Mee elo a bis den 31. Dezember iwwerhëlt de Staat d’Netz-Käschte beim Gas. Mat der Fro un den Expert: Wat dat konkreet fir en Duerchschnëtts-Stot ausmécht?

“Wann der haut integréiert Käschten hutt, wou alles dran ass, Taxen, Steieren, alles. Da läit der mat den aktuelle Präisser bei ongeféier 1,08 Euro pro Kubik Meter fir de Gas. D’Netz-Notzungs-Käschte maache ronn 20,8 Cent an engem duerchschnëttlechen Haushalt am Creos Netz aus.”

Iwwert den Daum gerechent, bedeit dat, datt e Stot déi nächst 8 Méint esou ëm déi 285 Euro spuert.

Eng aner Fro, déi oft opkënnt: Ob am Fall, wou Moskau de Gas-Krunn weider zoudréit, e Risiko besteet, dat och Lëtzebuerg op eemol de Gas ausgeet?

Onst Land ass en Deel vum belsche Maart. An d’Belsch huet mat Zeebrugge e Flësseg-Gas-Hafen. D’Belsch ass och un England ugeschloss, wat selwer nees un Norwegen ugeschloss ass. Och aus Holland kënnt d’Gas an d’Belsch. Westlech an Europa ass onst Land deemno ganz wéineg ofhängeg vu russeschem Gas. Doriwwer eraus ginn den Ament an Europa och grouss Gas-Späicher gefëllt.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO