"Paiement immédiat direct" beim DokterDokteschassociatioun an CNS si sech iwwer fundamental Froen nach net eens

RTL Lëtzebuerg
Fir de Start vum ominéise "Paiement immédiat direct" wier dann aus technescher Siicht vu September un alles prett.
© AFP

Dëse soll jo eng Vereinfachung fir de Patient sinn, well hie mat deem System just nach säin Deel beim Dokter géif bezuelen an deen aneren Deel direkt vun der CNS iwwerholl gëtt. Nach ass awer net kloer, ob d’Doktere mat am Boot sinn.

Den AMMD-President Dr. Alain Schmit sot eis no der Quadripartite e Mëttwoch, dass d’Diskussioune mat der Gesondheetskeess nach lafen an ee bis ewell net immens rassuréiert wier, et géifen nach fundamental Froen am Raum stoen.

De Wonsch vun den Doktere wier sécher, dass et séier kéint ëmgesat ginn, mä d’Aart a Weis, wéi et digital soll um Terrain funktionéieren, ass eben nach onkloer.

Back to Top
CIM LOGO